UN LABYRINTHE SANS FIL D’ARIANE
- Article

“Et sollt en einfacht Stéck gin, sou einfach wéi déi Leit, déi donidden am Pafendall gewunnt hunn. Et sollt e lëschtegt Stéck gin, wann och munches dran ass, wat guer net fir ze laachen as. ‘Hopp Marjänn’ ass d’Geschicht vun enger jonker Wäschfra, déi aus dem Pafendall an d’Stad koum ‘fir honnert Frang ze verdéngen’. Déi Stater Leit gi beschriwwen, sou wéi déi Pafendaller se gesinn hunn, ganz subjektiv, vun ënnen no uewen, mat all deem wat dat mat sech bréngt.
D’Stéck spillt sech an den zwanzeger Joren of. Dat ass scho laang hir an de Pafendall vun haut ass e ganz aneren. Wou fréier d’Marjänn, d’Mais, de Jéng an den Abbes gewunnt hunn, wunnen haut Portugiesen a Spunier. Mee wann d’Marjänn zum Schluss mengt ouni déi Pafendaller géifen déi Stater net eenz gin, dann hëlt een unuescht, datt sech am Fong geholl guer nët esou vill geännert huet. Vläicht geet et an dësem Stéck och net nëmmen ëm de Pafendall…” 1
Des Synopsis vun Hopp Marjänn huet de Pol Pütz den 18. November 1980 zu Bréissel ofgetippt, knapp ee Mount virun der Uropféierung, den 21. Dezember 1980 am Neien Theater an der Stad Lëtzebuerg a se kann als programmatesch fir den Auteur Pol Pütz gesi ginn, dee sech zu dësem Zäitpunkt schonn als Auteur vu bekannte Revuë wéi där vun 1978 mam Titel Et huet gelaut en Numm gemaach hat a sech net gescheit huet, mat schaarfen, witzegen a gesellschaftskriteschen Texter de Fanger an d’Wonn ze leeën. An deem Kontext däerf och gären op d’Wichtegkeet vun der Frëndschaft tëscht dem Pol Pütz an dem Pir Kremer verwise ginn, déi iwwer Joren als Duo an hiren Texter eis Gesellschaft gerëselt an eis Politikerinnen a Politiker gutt gepickt hunn. Ma net just als Revue-Auteur ass de Pol Pütz ënnerwee gewiescht, mä och als Auteur vu Gedichter am Lëtzebuerger Land, Artikelen an den nos cahiers an als Sketch- a Cabaretschreiwer fir de Kasemattentheater an d’Sendung Hei Elei, Kuck Elei.
Musical-Boom: Och zu Lëtzebuerg?
Mat Hopp Marjänn huet de Pol Pütz sech awer un eppes ganz Neiem versicht, wat sécherlech keng einfach Erausfuerderung war: D’Schreiwe vun dem éischte lëtzebuerger Musical. De Musical huet als Genre an den 1980er Jore weltwäit ee reegelrechte Boom erlieft: Stécker wéi Cats an dem Phantom of the Opera aus der Fieder vum Andrew Lloyd Webber hunn zech Dausende Leit an d’Theatere gezunn a si bis haut de Garant fir ausverkaaften Halen. Ma fir de Pol Pütz dierft de Genre vum Musical nach eng aner wichteg Bedeitung gehat hunn: Hannert deenen op den éischte Bléck iwwerbordenden Optrëtter verstoppt sech quasi bei all Musical e ganz eeschten an dacks sozial-kriteschen Hannergrond, a sou ass et och bei Hopp Marjänn net anescht – déi privilegéiert Stater an déi vulgär Pafendaller an dotëscht de Wee vun der “Wäschfra Marjänn” zur “Joffer Marianne”.
Vun dohier ass et am Réckbléck net verwonnerlech, datt och zu Lëtzebuerg d’Erwaardungen an de Woche virun der Première séier geklommen sinn. An der Revue vum 13. Dezember 1980 gëtt vun engem “Monumentalwerk”2 geschwat an dat ass sécherlech och net vu Muttwëll, wann ee bedenkt, datt net manner wéi 30 Schauspillerinnen a Schauspiller op der Bün vum Neien Theater am Dezember 1980 opgetruede sinn. Dorënner Gréisste wéi der Maddy Bertemes-Durrer als “Marjänn”, der Josée Fritz als “Mais”, dem Marc Faber als “Misch”, an dem Fons Kontz als “Karel” ënnert der Regie vum Claude Fritz.
An awer muss ee soen, datt – trotz enger gewësser Euphorie – d’Iddi e lëtzebuergesche Musical op der Bün ze gesinn net direkt jidderengem imponéiert huet. Sou heescht am Artikel vum Lëtzebuerger Wort vum 27. Dezember 1980: “Déi eng hun de Kapp aus Matleed gerëselt, anerer hun der Saach nët getraut, egal wéi, si waren all gespaant; de Virwëtz war gestëppelt, an dat as fir eng ‚Première‘ dat Wichtegst. D’Atmosphär am struppevollen Theater.“3
„De Pol Pütz huet den Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch souwäit perfektionéiert, datt et him méiglech war, d’Lëtzebuergescht an alle Genren, onofhängeg op Lyrik, Prosa, Theater oder Musical gläichwäerteg anzesetzen.”
Dat Lëtzebuergescht vun uewen – dat Jéinescht vun ënnen
Sécherlech konnt een och gespaant sinn, wéi de Pol Pütz am éischte lëtzebuerger Musical géif mat der Sprooch ëmgoen an op en et hikritt, déi lëtzebuerger Sprooch “Musical-tauglech” ze maachen? Fir eng Äntwert op des Fro ze fannen ass et néideg e klenge Bléck an dem Pol Pütz säi Schafen ze geheien. D’Ausernanersetzung mam Lëtzebuergeschen ass dem Pol Pütz Zäit senges Liewens ëmmer eng immens wichteg Prioritéit gewiescht. An deem Kontext kann op dem Auteur seng programmatesch Ried Firwat op Lëtzebuergesch?4 aus dem Joer 1976 verwise ginn, an där den Auteur d’Wichtegkeet vun der Sprooch fir eis Gesellschaft ervirhieft a sech iwwer Joren immens vill fir e standardiséiert Lëtzebuergesch als Mammesprooch agesat huet.
Schonn 1971, am Alter vu nëmme 24 Joer, huet de Pol Pütz d’Actioun Lëtzebuergesch mat gegrënnt an 1972 an der Zäitschrëft Eis Sprooch den Text E modernt Lidd bäigesteiert. Säin onermiddlechen Asaz dofir, datt d’Sprooch net nëmme gelies ma och soll geléiert ginn, léisst sech un enger Abberzuel vu Coursen, Programmer an Dictionnaire beweisen, un deenen de Pol Pütz matgewierkt huet: ë.a. Eis Schreifweis, Mettre au feminin oder den Dictionnaire Luxembourgeois – Français. Et wor nëmme konsequent, datt hie Member am CCPL (Conseil permanent de la Langue Luxembourgeoise) an am Institut Grand-Ducal, Section Arts et Lettres war a Lëtzebuergesch-Coursen am INAP ginn huet.5 De 24. Februar 1984 war et dunn endlech souwäit: Lëtzebuergesch gouf als Nationalsprooch unerkannt.
Wärend all deene Joren huet hie weider geschriwwen an am Laf vun der Zäit huet hien den Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch souwäit perfektionéiert, datt et him méiglech war, d’Lëtzebuergescht an alle Genren, onofhängeg op Lyrik, Prosa, Theater oder Musical gläichwäerteg anzesetzen an esou kloer d’Thees ze widderleeën, dat “wat mir sou am Lëtzebuergesche giffe gebuede kréien” just do wier “fir ze laachen, fir d’Leit ze ameséiren an si vun deene wiirkleche Problemer ewechzelackelen.”6
E Bléck op dat Lëtzebuergescht am Hopp Marjänn confirméiert, datt eis Sprooch Musical-tauglech ass an datt dorunner keen Zweiwel méi bestoe kann. Ma dat Lëtzebuergescht am Hopp Marjänn ass awer net nëmmen dat, wat ab 1984 als dat standardiséiert Lëtzebuergesch verstane ginn ass, ma och dat Jéinescht spillt eng immens grouss semantesch ewéi inhaltlech Roll. Eng kloer Trennung tëscht Uewerstad an Ënnerstad, tëscht Privilegiéiert a Proletariat, eng quasi eegen Zort “Geheimsprooch”, déi nëmme wierklech ka geschwat a verstane ginn “vun deenen do ënnen”. De Clash vun zwou Welten ass am Hopp Marjänn virprogramméiert an et ass net méi wéi interessant ze gesinn, wéi d’Sprooch hiren Deel an der Entwécklung vum “Marjänn” zur “Joffer Marianne” bäidréit.
Hei zwee Extraiten aus dem Text vun Hopp Marjänn, déi déi sproochlech a gesellschaftlech Ënnerscheeder oppeleeën.
Wéi d’Pafendaller déi Stater verstinn:
“Déi Stater Leit, déi droen d’Nieschen, nach ëmmer gäre ganz, ganz héich, mee’t freet een séch wat dëse Pak do ouni di Pafendaller méich. Wie giff da soss hir Hänsche maachen, wou kréichen si hirt Holz gespléckt, wie giff da soss hir Schéire schleifen, wou géifen d’Dëppen da gefléckt. Duerfir! Méngt nëmme nët dir kënnt de Geck mat Pafendaller maachen, a wann dir méngt mir wären Dreck, mir giffe neischt entdaachen, da gi mir Pafendaller wëll dir Hären, dat gët domm, da kritt dir hei mat dësem Blëll eng fatzeg iwwer d’Bomm.“
D’Familljemamm Josefine aus der Uewerstad huet ganz aner Suergen:
„Fréier wor alles besser, an alles wor gutt a gerecht, mee d’Zäiten, déi hun haut geännert, an d’Welt, déi as nëmme nach schlecht. Fréier wor alles besser . . . De Meeschter wor Meeschter an d’Mod wor eng Mod, deen een huet gemaach wat deen aanre gesot, an d’Fraen, déi wore nach trei. ’T wor jiddreen zefridden, all Mensch hat séng Roll, a jiddreen dee wousst, wou’n sech upake soll, eis Welt, déi wor nach an der Rei. Fréier wor alles besser . . . De Summer wor Sonn an de Wanter wor Schnéi, déi nei Welt vun haut, ech verstin se net méi, an alles gët all Dag méi schlëmm. Deen een, deen zitt hott an deen aanren zitt har, an haut as ’t schon anescht, wéi ’t gëschter nach war, a kee Mensch, dee fénnt sech méi rëm. Fréier wor alles besser . . .”
Kee Musical ouni Musek
Den Inhalt an d’Sprooch droen e Stéck, ma et gëtt kee Musical ouni Musek. A fir déi huet sech de Pol Pütz mat kengem anere wéi dem bekannten Dirigent vun der Lëtzebuerger Militärmusek, Pierre Nimax sen., zesummegedoen, dee sech mat dësem Projet och fir eng éischte Kéier op e fir hien onbekanntent Feld beginn huet. Fir Hopp Marjänn komponéiert hien déi ganz Musek a war fir déi musikalesch Leedung bei all den Opféierungen zoustänneg.
D’Reaktiounen op dem Pierre Nimax seng Kompositioune bleiwen duerchwuess; ween e Broadway-Musical erwaart huet, gouf enttäuscht an de Kritiker am Lëtzebuerger Wort resüméiert: “Datt
de Pierre Nimax säin Handwierk à säin ‘Noutewierk’ kennt, dat as gewosst… ower zënter e Sonndeg wësse mir, datt de ‘Musical’ säi Gebitt nët as! Déi Musek as ze schwéier, ze déckflësseg fir an e Musical… och wann d’Orchestratioun op eng Big-Band gebaut as an eng Harf als ‘Entschëllegong’ eragesat gët; esouguer wann hei de beschte Wëll besteet fir e perséinleche Stil ze fannen, gët et kloer, datt dat nëmme méiglech as, wann de Genre selwer engem perséinlech läit…”7
Pionéiergeescht
Ma och wann déi eng oder aner Stëmm där Saach net ganz getraut huet, a sécherlech déi eng oder aner Kritik berechtegt ass, sou hunn awer iwwer 10.000 Leit de Wee an déi verschiddenen Opféierunge fonnt an Hopp Marjänn zu engem vun de gréisste Succèsen an der lëtzebuerger Theatergeschicht gemaach. De Pionéiergeescht vun engem Pol Pütz esou e Wierk ze schreiwe am Kontext vu senge Bestriewunge fir de Lëtzebuerger Theater, d’Lëtzebuerger Literatur an d’Lëtzebuerger Sprooch, muss och haut nach ervirgehuewe ginn.
Nëmmen nach seelen ass Hopp Marjänn duerno zu Lëtzebuerg opgefouert ginn an ëmsou méi gespaant dierf ee sinn, wéi d’Stéck elo, 45 Joer no senger Uropféierung wäert am Mierscher Theater op d’Bün bruecht ginn. Eis Gesellschaft huet sech verännert, eis Sprooch huet sech verännert, eis Musek huet sech verännert… an dach ass e Bléck no hannen dacks immens wäertvoll fir no vir ze kucken.
1. Fonds Pol Pütz, Signatur L-410, 7.7.1.2, Centre national de littérature (CNL), Mersch, Luxembourg. 2. Hopp Marjänn. In: Revue, 35. Jg., Nr. 50 (13.12.1980), S. 33.
3. „Hopp Marjänn », den éischte Lëtzebuerger Musical?. In: Luxemburger Wort, 133. Jg., Nr. 298 (27.12.1980), S. 4.
4.-6. https://cnl.public.lu/fr/actualites/objet-mois/20171/11/Ried_vum_ Pal_Puetz.html
7. „Hopp Marjänn », den éischte Lëtzebuerger Musical?. In: Luxemburger Wort, 133. Jg., Nr. 298 (27.12.1980), S. 4.