D’Mierscher Musek, zesumme mam talentéierte Jugendensembel, invitéieren iech wéi all Joer op hiren traditionelle Wanterconcert. Chrëschtdag steet virun der Dier! Dat mierkt een och um Programm mat Chrëschtdagsmusek, ënnert anerem vum amerikanesche Komponist Leroy Anderson. Nieft besënnlechen Téin gëtt et schmasseg Originalmusek fir Blosorchester a südamerikanesche Flair.

Am zweeten Deel vum Owend freet sech d’Mierscher Musek laangjäreg Frënn aus dem Schwarzwald ze begréissen. No 2011 an 2019 ass et déi drëtt Kéier, datt de Musikverein Forbach de Wee an de Mierscher Theater fënnt. Ënnert der Leedung vum Dirigent Sascha Eisenhut bidden déi ronn 50 Forbacher Musikant·innen iech een ofwiesslungsräiche Programm mat sécher där enger oder anerer Iwwerraschung.

Visite

Venir en train ou en bus

Le Mierscher Theater est à 10 minutes à pied de la gare de Mersch. Les trains et bus desservent Mersch tous les jours, assurant votre aller-retour en toute sérénité.

Pour de plus amples renseignements :

Venir en voiture

De Luxembourg-ville et du Sud

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

De Ettelbruck ou du Nord

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

Vous pouvez vous garer sur le parking « Schlasspesch » qui ce trouve en proximité directe du Mierscher Theater.