Stëll Schnéinuecht féiert an eng aussergewéinlech Chrëschtnuecht. An där kontrastéieren Elengsinn a Keelt mat Magie, Dram, Frëndschaft an Zefriddenheet, fir herno zesummen ënner engem Hutt ze landen.
En aussergewéinlecht musikalescht Erzielspill fir Grouss a Kleng ab 8 Joer.

D’Josée Bourg bezeechent sech als Nomadin, stänneg a Bewegung, fir net an der Keelt vun der Indifferenz ze erfréieren. An deem Sënn ass si an ënnerschiddleche (Be)-Räicher ënnerwee: Performance, Zeechnung, Molerei, Installatioun, Skulptur, Text, Editioun, Theater, Geschichten, Erzielung, Radio-Journalismus, Hörspill, Kannergäertnerei…

De Frin Wolter ass professionellen Akkordeonist, aktiv a verschiddenste Gebidder: als Solist, bei Erzielungen, Theater, Kammermusek, bis Symphonieorchester a villes méi. Nei an aussergewéinlech Erausfuerderungen sinn him ee Magnéit. Vill Joren huet hien a Finnland gelieft, net wäit ewech vum Nordpol. Seng Erfahrunge mat Schnéinuechten sinn hei net ewechzedenken.

Programm
Text:
• Robert Sontheimer: Weihnachtszeit
• Josée Bourg: Stëll Schnéinuecht
Musek, ë.a.:
• Johann Sebastien Bach: Suite française, Gavotte en sol majeur
• Maurice Ravel: Le Tombeau de Couperin – Prélude
• Frin Wolter, arr: Stille Nacht, Leise rieselt der Schnee, Il est né le divin enfant, An der Grousser Helljer Nuecht

Visite

Venir en train ou en bus

Le Mierscher Theater est à 10 minutes à pied de la gare de Mersch. Les trains et bus desservent Mersch tous les jours, assurant votre aller-retour en toute sérénité.

Pour de plus amples renseignements :

Venir en voiture

De Luxembourg-ville et du Sud

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

De Ettelbruck ou du Nord

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

Vous pouvez vous garer sur le parking « Schlasspesch » qui ce trouve en proximité directe du Mierscher Theater.