An dësem Virtrag maache mir eis op d’Spuere vum Michel Rodange an dat a villerlee Hisiicht. An enger éischter Statioun kucke mir hannert d’Kulisse vun der literarescher Produktioun a froen, ausgoend vum Michel Rodange, no de Bedéngungen, ënnert deene Schrëftsteller am 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg geschaaft a gewierkt hunn. Mir ënnersichen, wat de Rodange zum Schreiwe beweegt huet a wéi säi Wierk entstanen ass. Wat verréit sei Schrëftstellerprofil iwwer eng Zäit an där d’Literaturlandschaft réischt am Entstoën ass?
An enger zweeter Statioun befaasse mir eis mat der bemierkenswäerter Trajectoire vum Rodange, vun engem zu Liefzäite wéineg unerkannten Dichter zu enger zentraler Figur an der Literaturgeschicht an zu engem kulturellen Hellegen am nationale kulturelle Gediechtnis.
Grad dem Rodange seng Veraarbechtung vun Dialekter léisst Landschaft a Sproochlandschaft am Wierk noliewen. An enger leschter Statioun interesséiere mir äis deemno fir de Widderhall vum Wierk am ëffentleche Raum – a Monumenter, Nimm, Wanderweeër – a weisen, wéi d’Wierk net nëmmen aus der Landschaft eraus entstanen ass, mee och nees op si zeréckgewierkt huet.
