- Text: William Shakespeare
- Iwwersetzung: Jean-Michel Treinen
- Regie: Olivier Garofalo
- Bün: Anouk Schiltz
- Kostüm: William Roque Rodrigues
- Musek: Pierrick Grobéty
- Schauspill: David Benito Garcia, Rahel Jankowski, Marie Jung, Nicolas Lech, Claude Mangen, Elsa Rauchs
Fair ass faul a faul ass fair. Wie mengt, et mat Fläiss an Dugend bis ganz no uewen ze packen, ass ee Geck. D’Welt gëtt vun ale wäisse Männer wéi dem Duncan bestëmmt. Zwar bréngt hien seng Duechter, d’Malcolm, sou lues als Successeur a Positioun, allerdéngs wäert hien sech sou bal nach net zréckzéien. An iwwerhaapt muss d’Kand léieren, endlech wéi ee Mann ze denken an ze handelen. Zu Muecht a Geld kënnt een net mat Frëndlechkeet. Am Géigendeel, alles Friemt muss verschwannen an et muss duerch Angscht regéiert ginn. Dëst ass sech och dem Duncan seng trei Ënnerstëtzerin Mäcbess bewosst, allerdéngs géing et nimools de männleche Mäerderwee goen. Bis schliisslech d’Lady Mäcbess him eng déidlech Iddi an de Kapp setzt, déi zum Kinneksmord an domat zu engem duerch Wansinn gepräägte Chaos féiert.
Andeems sech an dëser neier Inzenéierung vum Jean-Michel Treinen senger kongenialer Iwwersetzung op de Männlechkeetshabitus a Relatioun mam Rietsruck an enger kapitalistescher Gesellschaft fokusséiert gëtt – zudeem d’Handlung an der Géigewaart spillt – gëtt dëst Stéck Weltliteratur zu engem radikal modernen Erliefnes.
