- Gaascht: Claude Mangen, Direkter, Mierscher Theater
- Moderatioun: Pit Brosius
- Organisatioun: Orchestre National des Jeunes du Luxembourg
Zesummen entwéckele mir e Concertsprogramm: Publikumsmagnéit oder kënschtleresch Fräiheet an Innovatioun? De Claude Mangen zielt iwwert seng Programmatioun an op wat et ukënnt.
De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, féiert mat Gäscht duerch verschidden Themen. Verbonne mat Diskussiounsronnen, dem Lauschtere vun enger Hellewull verschiddenen Opnamen a villem méi, riichten sech des Owenter u Museksintresséierter, Hobbymuseker·innen an u Leit, déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.