- Gaascht: Tom Leick-Burns, Direkter, Théâtres de la Ville de Luxembourg
- Moderatioun: Pit Brosius
- Organisatioun: Orchestre National des Jeunes du Luxembourg
D’Oper huet d’Instrumentalmusek staark beaflosst. Mir entdecke verschidde Stiler a geheie mat eisem Gaascht e Bléck op d’Opereprogrammatioun vum Groussen Theater.
De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, féiert mat Gäscht duerch verschidden Themen. Verbonne mat Diskussiounsronnen, dem Lauschtere vun enger Hellewull verschiddenen Opnamen a villem méi, riichten sech des Owenter u Museksintresséierter, Hobbymuseker·innen an u Leit, déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.