Am Joer 1951 gouf virun der Mierscher Kierch ee Monument opgeriicht fir den Affer vum Zweite Weltkrich ze gedenken. Op dësem Monument stinn d’Nimm vu Resistenzler, Deportéierten an Zwangsrekrutéierten aus der Gemeng Miersch.

Zënter dem Joer 2020 realiséieren d’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch zesumme mat de Guiden a Scoute vum Grupp Saint Michel all Joer ee Film, deen engem vun dësen Affer gewidmet ass. De Film vun 2026 behandelt weiderhin d’Thema vun der Ëmsidlung an erzielt e.a. d’Geschicht vu Michel Rehlinger, den och am Lager 103 zu Boberstein internéiert war an do zwee Deeg virun der Joffer Catherine Arendt vu Recken verstuerwen ass.

Am fréiere Schlass vu Boberstein, haut Bobrów (PL), haten d’Nazien ee Lager fir déi Lëtzebuerger Ëmgesidelt installéiert. Hei goufen si an eng schappeg an ongerecht Welt gestach, déi hire Liewenswëllen trotzdem ni brieche konnt.

De Film ass duerch déi intergenerationell Zesummenaarbecht vu jonke Scouten a passionnéierte Geschichtsfrënn entstanen. Mat vill Recherchen, authentesche Kulissen a groussem Engagement soll dëse Projet d’Erënnerung un d’Affer aus der Gemeng Miersch lieweg halen.

Visite

Venir en train ou en bus

Le Mierscher Theater est à 10 minutes à pied de la gare de Mersch. Les trains et bus desservent Mersch tous les jours, assurant votre aller-retour en toute sérénité.

Pour de plus amples renseignements :

Venir en voiture

De Luxembourg-Ville et du Sud

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

De Ettelbruck ou du Nord

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

Vous pouvez vous garer sur le parking « Schlasspesch » qui se trouve en proximité directe du Mierscher Theater.