Nodeems déi däitsch Zivilverwaltung Enn August 1942 d’Wehrpflicht deklaréiert huet, kënnt et zu engem Streik, dee grouss Deeler vum Land erfaasst huet. Willkürlech léisst de Gauleiter Simon doropshi Leit erschéissen a setzt direkt duerno e präzis ausgeschaffte Plang ëm: d’Ëmsiidlung! All Widderstand soll gebrach ginn.

Scho méi laang ass d’Famill Arendt vu Recken bei Miersch den Nazien een Dar am A. Si ass nazifeindlech agestallt a verstoppt hir Astellung net. Den 19. September 1942 gi si als éischt Famill am Land a Schlesien ëmgesiidelt. Hinne bleiwe just e puer Stonne fir dat Néidegst anzepaken. Da kënnt e Bus si sichen.

D’Famill Arendt réckelt elo ganz no beieneen a verléiert zu kengem Moment hir Dignitéit a si léisst sech net verbéien. No engem längere Leidenswee kënnt d’Famill am Ëmsiidlungslager zu Boberstein un. An der Nazisproch: Lager 103! Vun Ufank u verlaangert d’Catherine Arendt no hirem Heemechtsduerf a wëll heem. Den 29. Dezember 1943 ass et esou wäit a si däerf d’Lager verloossen an zréck op Lëtzebuerg kommen. Mä et koum anescht… ganz anescht.

Lager 103: Wéi eng Famill am Joer 1942 vun hirem Haff verjot an an d’Friemd deportéiert ginn ass.

Visite

Venir en train ou en bus

Le Mierscher Theater est à 10 minutes à pied de la gare de Mersch. Les trains et bus desservent Mersch tous les jours, assurant votre aller-retour en toute sérénité.

Pour de plus amples renseignements :

Venir en voiture

De Luxembourg-ville et du Sud

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

De Ettelbruck ou du Nord

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

Vous pouvez vous garer sur le parking « Schlasspesch » qui ce trouve en proximité directe du Mierscher Theater.