- Text: Samuel Hamen
- Regie: Liss Scholtes
- Mam: Anne Klein
- Mat der Kontributioun vum: Konstantin Rommelfangen
- Zeenografie a Kostümer: Loriana Casagrande
- Video: Gilles Seyler
- Technesch Regie: Gilles Heinisch
- Luuchtekreatioun: Steve Demuth
- Koproduktioun: Kulturfabrik, Mierscher Theater
Et gëtt „genuch ze dinn“ – an dësem Monolog genee sou wéi an der Welt, déi sech Lëtzebuerg nennt: Eng jonk Fra geréit op engem Festival an e Schluet. Op eemol ass si op sech zeréckgeworf, op hire Versuch, sech als Independante eng Zukunft mat engem Foodtruck opzebauen. Am Damp vum Kniddelswaasser stelle sech hir d’Froe vun engem souveräne Liewen : Wéi eng Ligen hunn hir d’Elteren als falsch Wäisheete mat op de Wee ginn? A wéi war namol d’Zesummeliewe mat hirem Ex, engem Auteur, dee sech just fir zwou Saachen interesséiert, fir sech selwer a fir d’Literatur?
An der Mise en scène vun der Liss Scholtes Gatt d’Bün zu engem Fräiraum, deen d’Protagonistin sech reklaméiert. D’Anne Klein als flucht a beschwéiert sech, klot un a rëselt engem Glécksverspriechen, dat fir ëmmer manner Leit zu Lëtzebuerg gëllt. Am Samuel Hamen sengem Monolog geet et séier ëm alles: ëm d’Iessen an ëm d’Léift, ëm falsch interkulturell Echangen an ëm d’Fräiheet, d’Wuert ze ergräifen, grad dann, wa kee bereet ass, engem nozelauschteren.
