- Mierscher Musek & Jugendensembel
- Direktioun: Ben Brosius
D’Mierscher Musek an hire Jugendensembel invitéieren iech häerzlech op hire Galaconcert am Mierscher Theater. Den Owend fänkt mat enger energescher Ouverture vum Jugendensembel un, bei där den Nowuess vun der Mierscher Musek säi Kënnen zum Beschte gëtt. Duerno iwwerhëlt d’Mierscher Musek ënnert der Leedung vum Ben Brosius.
Als musikaleschen Highlight vum Joer presentéiert d’Musek e spannende Programm: niewent der genreprägender Appalachian Ouverture vum James Barnes an de klasseschen Transkriptioune vum Johann Strauss, zielt virun allem Appalachian Spring vum Aaron Copland zu de groussen Héichpunkte vum Owend.
Am zweete Programmdeel steet eise Saxophonregëster am Mëttelpunkt. An engem Saxophon-Duo an an engem schmassege Solostéck fir de ganze Regëster weisen si d’Vilfalt vum jéngsten Instrument am Harmonieorchester. Bekannt Wierker wéi Bohemian Rhapsody vu Queen däerfen natierlech och net feelen. Mir freeën eis op äre Besuch!