© Véronique Kolber

D’ZESUMMENAARBECHT MAM MIERSCHER THEATER ASS EE VU VILLEN ENGAGEMENTER VUM CENTRE NATIONAL DE LITTÉRATURE. D’DIRECTRICE VUM CNL, NATHALIE JACOBY, ZIELT IWWERT DËS COLLABORATIOUN, LËTZEBUERGER LITERATURIDENTITÉIT, AN ERKLÄERT LITERATURWËSSENSCHAFTLECH KONZEPTER.

Nathalie Jacoby, Dir hutt Är Dokteraarbecht am Beräich vun der Narratologie geschriwwen. Narratologie ass Literaturwëssenschaft – hautzudaags huet sech de Begrëff Narrativ an d’Verständnis dovun awer staark verallgemengert. Wéi erkläert een sech dat?

Am Fong geholl liewe mir a Geschichten. Mir zielen eis Geschichten iwwert eis; och d’Politik ass eng Geschicht, déi mir eis erzielen. Mënsche versichen ëmmer Sënn aus deem ze maachen, wat geschitt, an deem s se sech et an de Parameter vun enger Geschicht erklären. Mir sichen no Zesummenhäng, op der do sinn oder net. Mir erzielen eis teleologesch Geschichten: Mir denken, dass Saachen sech an eng Richtung entwéckelen.
An der jëtzeger Zäit gëtt et ee Bewosstsinn dofir. Wann ee kuckt, wat deelweis op der ëffentlecher Bün geschitt, dann ass dat och, well iergendwellech Leit d’Narrativ un sech räissen an domat Erfolleg hunn. Dat ass och eng Form vu Muecht. Dofir ass et wichteg, sech sou Saache bewosst ze sinn.

© Véronique Kolber

Dir sidd un der Spëtzt vum CNL, an Är Dossiers pédagogiques bestëmme mat, wat an der Schoul enseignéiert gëtt. Sinn dëst net och Muechtpositiounen?

Am CNL gesi mir eis net an enger Muechtpositioun. Mir sinn ee Service fir de Secteur. Dat soen ech fir mech an all meng Mataar­bechter. Et ass kloer, dass een Archiv net do ass, fir Decisiounen ze huelen, mee fir ze sammelen, fir z’ënnerstëtzen a fir Wëssen ze vermëttelen. Mir begleeden, mir beobachten, a mir beschreiwen. An där Hinsicht géing ech dat mat der Muechtpositioun relativéie­ren. Mir decidéieren net, a wéi eng Richtung d’lëtzebuerger Litera­tur oder d’Verlagswiese soll goen.

Och d’Dossiers pédagogiques sinn ee Service. Derhannert steet d’Iddi, dass et wichteg wier, dass d’lëtzebuerger Literatur an d’Lite­ratur iwwerhaapt eng Plaz an de Schoulen huet. Un dat gleewen ech ganz fest. Mir sinn eng immens divers Gesellschaft, an d’Literatur ass eng vu ville Plazen, wou een Identitéit verankere kann. Mir hunn déi grouss Chance, eng méisproocheg Literatur ze hunn, also ee fantastescht Angebot fir sech an enger méisproocheger Gesellschaft erëmzefannen. Et ass schued, wann dat net benotzt gëtt. D’Dossiers pédagogiques sinn een Angebot, fir dat ze vereinfachen. Fir Loscht drop ze maachen, méisproocheg Literatur vu lëtzebuergeschen Auteuren duerch d’Schoul ze verankeren.

De CNL bedreift de Luxemburger Autorenlexikon. Wiisst d’Unzuel u lëtzebuergeschen Auteur·innen vergläichbar séier mat der nationaler Demographie?

Se wiisst ganz séier. Mir si bei bal 1600 visibel Auteuren. Hannen­ drun hu mir eng Datebank mat vill, vill méi Nimm. D’Krittäre fir opgeholl ze gi sinn net qualitéitsbezunn, et geet ëm d’Verankerung am lëtzebuergesche Literaturbetrib. Mir hu véier, fënnef mol d’Joer Editiounssëtzunge wou mir all Neierungen an Ännerungen am Dic­tionnaire zesumme kucken, an do kommen ëmmer nei Leit dozou.

„KENNE MIR DÉI KANONESCH TEXTER IWWERHAAPT, ODER LIEWE MIR AN DER VIRSTELLUNG, VUN DEEM, WAT DE RENERT VILLÄICHT KÉINT SINN?“

Ondugen vum Fabio Martone – dat elo am Mierscher Theater spillt – koum als Buch bei den Editions Hydre eraus. Gitt Dir der Prämiss vun Ondugen Recht?: “Lëtzebuerg huet keng Literaturgeschicht, well Lëtzebuerg keen Auteur huet, deen dem Land seng Literatur kondenséiert. Een Aushängeschëld. Eng Mark.” Am Géigesaz zum Shakespeare am Vereenegte Kinnekräich.

Ech ka vill Bléckwénkelen dorop huelen. Ech fannen et e bësselche problematesch ze soen, dass een nëmmen eng Literaturgeschicht hätt, wann ee kanoniséiert Texter an Auteuren huet. Kanonvirstellungen si problematesch. Iwwerhaapt ass d’Duerstellung vu Literaturgeschicht ëmmer problematesch, a muss problematiséiert ginn. Och do erzielt een en Narrativ, dee sou net geschitt ass. Et gëtt een d’Impressioun, Saache wären hannertenee geschitt, déi net hannertenee geschitt sinn. Et gëtt een d’Impressioun, nëmmen déi Leit, iwwert déi ee schwätzt, wäre wichteg, an et huet een der villäicht vergiess, déi aus ganz anere Grënn extreem wichteg sinn. D’Fro ass ëmmer: wat wenden ech un, wann ech eng Literatur­geschicht schreiwen? Den Interêt vun haut ass anescht wéi den Interêt vun enger anerer Zäit.

Et ass natierlech interessant, dass Lëtzebuerg nach keng forma­liséiert Literaturgeschicht huet. E bësschen hu mir d’Literatur­geschicht jo am Kapp. Wann ech d’Leit op der Strooss géing froen, hei, wat muss ech liesen, géinge si warscheinlech eist Triumvirat Dicks, Rodange, Lentz soen. Och dat musse mir problematiséieren. Firwat soe mir dat? Hunn déi Leit, déi dat soen, dës Auteuren och gelies? Awéiwäit ass dat wierklech eng literaturbaséiert Identitéit? Oder awéiwäit ass dat nëmmen ee Kultursaz, deen ee widderhëlt? Kenne mir déi kanonesch Texter iwwerhaapt, oder liewe mir an der Virstellung, vun deem, wat de Renert villäicht kéint sinn?
Ech fannen et zwar eng interessant Prämiss. Fir ee Kaméidistéck ass et enorm wichteg, eng Prämiss ze hunn, déi e bëssche raschléit, fir Iwwerleeunge bei de Leit ze bewierken.

© Véronique Kolber
© Véronique Kolber

D’Elise Schmit huet mat Vreckvéi dem Britt Simon Longman säi Stéck Gundog iwwersat. Wat ass de Stellewäert vu Vreckvéi als Iwwersetzung an der Luxemburgensia?

Schaffe mat Sprooch ka vill Facetten hunn.
D’Elise Schmit ass eng immens präzis an immens nuan­céiert Schrëftstellerin – ech verweisen hei och gären op hir Ried zur Literatur Schreiben als Machen, und wie vun 2020. An ech ka mer virstellen, dass d’Schaffe mat eng­ em Text wéi deem vum Simon Longman eng literaresch Erfahrung ass, déi, wéi all gudden Text, ee selwer an och d’Sprooch, d’Méiglechkeete vun der Literatur, e Stéck beräichert. Eleng schon den Titel – ech freeë mech drop.

Säit 2021 organséiert de Mierscher Theater d’Mierscher Theaterdeeg, an de CNL ass mat enger Ried zum Theater mat am Coup. Wat léisst sech iwwert Theater zu Lëtzebuerg elo, am Géigesaz zu virun dräi Joer, soen?

Ech schaffe natierlech net am Theater a sinn och net Theaterwëssenschaftlerin, dofir ass dat eng Fro, op
déi ech just schwéier eng Äntwert ka ginn. Mä och als Member vum Public erlieft ee jo, wéi lieweg a vielfälteg den Theater zu Lëtzebuerg ass. Och dofir sinn d’Mierscher Theaterdeeg sou flott: Et kann een neien Iddien a Konzepter quasi beim Entstoen nokucken – Auteuren an Autricen kréien hei d’Méiglechkeet, Aarbechten, un deene si schaffen, virzestellen – an et huet een d’Méiglechkeet, Stécker, déi wichteg waren an déi am Kader vun den Theaterdeeg gewise ginn, nach eng Kéier oder fir d’éischt ze gesinn. Op engem sou in­tensiven a kompriméierte Raum ass dat wierklech e Fest vum Theater a fir den Theaterbegeeschterten e Cadeau.

© Véronique Kolber

Doriwwer eraus ass d’Ried zum Theater, wéi och déi aner zwou Rieden – zur Literatur an zum Danz – fir mech eng ganz wichteg Publikatioun. Hei kritt e Kënschtler d‘Méiglechkeet, iwwert seng Aarbecht a säi Medium ze reflektéieren. D’Daniela Lieb leed dës Serien mat grousser Rigueur a Sensibilitéit, an et ass fir mech ëmmer erëm iwwerraschend, wéi divers déi verschidde Riede sinn. Fir déi nächst Theaterdeeg schreift de Raoul Biltgen iwwert de Jugendtheater.

Wat huet d’Verwandlung vum Mierscher Kulturhaus an de Mierscher Theater um Theaterenvironnement verännert?

Och dat ass wuel eng Fro fir d’Theaterwelt. De Numm reflektéiert awer, denken ech, eng Realitéit. Theater zu Lëtzebuerg fënnt op ville Plaze statt a grad de Mierscher Theater ass mat senger staarker Traditioun vu Kreatiounen an och grad vun der Förderung vu lëtzebuerger Auteuren, déi zu Miersch ëmmer erëm d’Méiglechkeet kréien, u neien Texter ze schaffen an déi och op d’Bün ze bréngen, enorm wichteg fir d’Theater­landschaft.

À voir également