Schonn als Kand huet d’Mady Durrer vill a gär gesongen a gedanzt. Si stoung mat 10 Joer beim Gesangveräi vu Stroossen eng éischte Kéier op der Bün. An der Schoul Um Fieldgen krut d’Mady Durrer Kontakt mam Theatermann Eugène Heinen a mam Professer Fernand Hoffmann. Den Eugène Heinen huet fonnt d’Mady hätt vill Talent a wier wëll gewuess, an huet si dorops mat 21 Joer gefrot fir an der deemools populärer Lëtzebuerger Revue matzespillen. Zu deem Zäitpunkt huet d’Mady no éischte Versich am Jazzdanz och klassesch Danzcoursen am Stater Conservatoire geholl. No engem éischte Präis am Chant bei der Suzette Engels, engem éischte Präis am Danz bei der Christiane Eiffes, an no enger Rei Joren op de Brieder vum Lëtzebuerger Theater krut d’Mady Durrer 1980 d’Haaptroll ugebueden am éischte Lëtzebuerger Musical Hopp Marjänn vum Pol Pütz a Pierre Nimax senior.

Mady, wat war dat fir e Moment an denger Carrière ?

Et war en immense Glécksfall fir mech. Ech war zu deem Zäitpunkt mat dat Eenzegt am Ensembel, wat gesongen, gedanzt a gespillt huet. Pütze Pol hat mir d’Roll op d’Panz geschriwwen. Hien ass bei mech heem komm, fir munches am Virfeld mat mir ze beschwätzen. Et war awer fir eis alleguerten nei, net nëmme fir mech. Et war extrem spannend, well nach ni sou e Musical gemaach gi war, scho guer net op Lëtzebuergesch. All déi Leit, déi dorunner bedeelegt waren, weder de Pol Pütz als Auteur, nach de Pit Nimax als Komponist, de Claude Fritz als Regisseur oder d’Christiane Eiffes als Choreographin, haten iergendeng Referenz an deem Beräich. Vun do hir war et eng aussergewéinlech Chance fir mech a fir eis all.

„ECH SINN NACH ËMMER VIRWËLZEG FIR NEI SAACHEN AUSZEPROBÉIEREN !“

Hopp Marjänn gehéiert bis haut mat iwwer 10.000 Zuschauer·innen zu engem vun de gréisste Succèse vum Lëtzebuerger Theater! Hat dir domat gerechent oder war dir iwwerrascht vun deem risegen Erfolleg ?

Et war vun Ufank u eng gewësse Spannung do, well kee wosst wéi de lëtzebuerger Publikum sou e Mu- sical géif ophuelen. Et war och net – wéi dat haut de Fall ass bei Musicals – wou een e Knappmikro huet. Mir goufen net verstäerkt an hu misse Stëmm gi fir géint de ganzen Orchester duerch ze kommen. Et houngen zwar Mikroen iwwer der Bün, ma déi ware keng grouss Hëllef. Mir waren all immens iwwerrascht iwwert de grousse Succès, deen et finalement ginn ass.

Wéi war deng berufflech Situatioun als Actrice beim Lëtzebuerger Theater? Häss du dir nom groussen Erfolleg vun Hopp Marjänn eng professionell Karriär kéinte virstellen ?

Déi Zäit hat ech 10 Stonnen am Conservatoire fir Solfège Corporel mat Kanner an ech hunn 10 Stonne Rhythmik a Musik fir ganz Klenger ginn am International Kindergarten. Mir goufen zwar bezuelt fir eis Aarbecht am Theater ma dat wier ni duer gaang fir dovunner kënnen ze liewen.

Bei mir war ni eppes kloer vu vir eran. Ech hunn déi dräi Saachen – Danzen, Sangen a Spillen – ëmmer mat vollem Asaz gemaach an et ass mir villes op de Kapp gefall. Dann huet ee mech gefrot, ob ech Loscht hätt fir e Concert ze sangen oder mir hunn am Conservatoire grouss Produktiounen organiséiert. Alles selwer gemaach, Kulisse gemoolt, Kostüme gebitzt… Mir waren Idealisten. Dat war et och, wat eis ugedriwwen huet. Ech hu Villes a mengem Liewen sou ugepaakt, wollt ëmmer Grenzen austesten. Mat de Kannerbicher, déi ech geschriwwen hunn, huet et och sou ugefaangen.

D’Mady Durrer spillt dës Saison 25/26 mat bei Die Panne vum Friedrich Dürrenmatt am Mierscher Theater, steet deemno no iwwer 50 Joer nach ëmmer op Lëtzebuerger Bünen a weess genee wéi d’Theaterzeen sech an all där Zäit entwéckelt huet.

Wéi ech ugefaangen hu, goufen et engagéiert Leit bei deene klengen Theatere wéi Kasemattentheater, TOL an Théâtre du Centaure, déi probéiert hu professionell ze schaffen, mä et ass ni duergaangen fir dervun ze liewen. Si haten all nach en Niewenjob, an et war och gesetzlech näischt gereegelt. Dat huet sech alles geännert an den artistesche Beruff ass unerkannt.

Et ass och vill geschitt an de Schoulen, an an der Formatioun an de Conservatoiren, iwwerhaapt och an der Gesellschaft zu Lëtzebuerg wou den Theater immens evoluéiert huet. Et si vill Leit aus dem Ausland zeréck op Lëtzebuerg komm well d’Situatioun sech gebessert huet. Deemools war och finanziell näischt gereegelt. Wann ech zum Beispill Cabaret iwwer Land gespillt hunn, goufen et ënnerschiddlech Tariffer fir kleng Veräiner oder gréisser Organisateuren. Domat ware mir dacks averstane, well mir soss guer net gespillt hätten.

Wat ech net sou gutt fannen ass, dass et haut därmoosse vill kleng Strukture ginn an dat sech zerfledderet. Et geet bësse besser, well méi ënnerenee koproduzéiert gëtt. Ganz dacks gi Saache geprouft, ee Mount laang a méi, an da ginn se just sechs mol gespillt. Dat ass schrecklech. Ech fannen et schued, dass kee lëtzebuerger Ensembel forméiert gëtt. Do misst eppes geschéien, vläicht en nationale Lëtzebuerger Theater mat engem Danzgrupp, wou ee vu Baussen och kéint Gäscht mat eranhuelen. Ech géif mer wënsche wa méi nohalteg produzéiert géif ginn.

D’Mady Durrer huet vill Theater, Kannerstécker a Cabaret op Lëtzebuergesch gemaach, wat awer lues a lues verschwënnt. De Kannertheater an de Cabaret sinn eng gutt Schoul, wou ee léiert no beim Publikum ze spillen.

Mir sinn eben eng multikulturell Gesellschaft wou net méi souvill Leit Lëtzebuergesch verstinn. Kannertheater hunn ech immens gäre gemaach a Cabaret och. Fir gudde Kannertheater ze maachen, muss ee wësse wéi Kanner funktionéieren, wat an hinne virgeet. Se sinn am Fong ganz logesch. Et muss ee selwer bannen dran nach Kand bleiwen. Dat hunn ech mir ëmmer versuergt. Ech denke lo nach heiansdo wéi Kanner. Mir hu vill Matmaach-Kannertheater gespillt, wou mer d’Kanner op d’Bün geholl hunn. Dat war ëmmer ganz spannend, well een ni wousst, wat dobäi eraus kënnt. Do huet ee misse spontan sinn. Dat war am Cabaret och bësse sou. Dowéinst sinn ech nach ëmmer virwëlzeg fir Villes an ech hu Loscht op nei Saachen!

À voir également