D’SCHRËFTSTELLERIN ELISE SCHMIT IWWERLEET SOU VILL, WÉI SI MATFILLT – E SEELE GEKONNTE SPAGAT, SOUGUER ËNNERT AUTEUR·INNEN. FIR DE MIERSCHER THEATER HUET SI DEM SIMON LONGMAN SÄI STÉCK GUNDOG AUS DEM ENGLESCHEN OP LËTZEBUERGESCH IWWERSAT.
De Groussdeel vun der Iwwersetzungsaarbecht funktionéiert hautzudaags mat informateschen Outilen. Dëser Deeg spillt kënschtlech Intelligenz eng wichteg Roll. Mat wat fir engen Outilen hues du geschafft?
Mat mengem Kapp. An, well dat net duergeet, hunn ech Dictionnairë fir Synonymmen an d’Luxemburger Wörterbuch op mengem Dësch op. Awer, jo, ech kucken um Internet de Merriam Webster, de Lëtzebuerger Online Dictionnaire, an den Oxford English Dictionary. De Vocabulaire eleng geet beim Iwwersetzen natierlech net duer; et geet och dorëms, e Rhythmus an en Tounfall ze fannen, déi deene vum Original entspriechen. ChatGPT kann den Ament nach net gutt genuch Lëtzebuergesch, fir do e
credibelt Resultat ze proposéieren.
Wou a wéini Vreckvéi spillt, gëtt net preziséiert. Wéini a wou situéiers du Vreckvéi? Mis à part am Februar, Mäerz a Mee am Mierscher Theater.
Ech situéieren et haut, soss hätt ech et, mengen ech, net gemaach. Et kann an all westlecher Gesellschaft spillen, virun allem an deenen, déi e ländlechen Hannergrond hunn, an dat huet Lëtzebuerg jo.
Mir haten am Ufank d’Diskussioun, ob mer aus de Schof Kéi géife maachen, fir d’Stéck u Lëtzebuerg unzepassen. Do hunn ech mech awer séier dergéint decidéiert, well ech mengen, dass de Public dat, wat d‘Stéck wëllt, och esou versteet. Doriwwer eraus hu Schof eng eege Symbolik, déi een an engem traditionell kathoulesche Land wéi Lëtzebuerg net muss erklären. Et ass jo keen, dee mengt, dass Jonker, déi Kéi géifen halen, an enger besserer Situatioun wären wéi déi Jonk am Stéck.
Et ass jo virun allem eng Metapher. Et geet ëm Jonker ouni Zukunftsaussiichten, déi ee Betrib mussen um Lafen halen, deen sech net méi dréit. Si si komplett blockéiert. Dat trëfft op vill Plazen zou, an et passt och zu Lëtzebuerg, wou mer eis heiansdo net bewosst sinn, wéi vill Jonker a finanziell prekäre Situatioune liewen. Si maachen Ofschlëss, déi näischt daachen oder guer keen Ofschloss; déi Ëmstänn, an deenen se liewen, erlaben hinnen net, dat mat hirem Liewen ze maachen, wat si sech virstellen.
Et stécht vill britteschen Humor am Originaltext Gundog. De Charakter Becky spillt d’Roll vum comedic relief. Duerch hir witzeg Aart a Weis offenbaren sech ongesot Wourechten. Wéi loossen sech d’Pointen an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen?
Dat ass net evident, effektiv. Virun allem well d’Sprooch vu Gundog immens reduzéiert ass. Déi Personnage schwätze mat engem reduzéierte Vocabulaire, an si maachen immens kuerz Sätz. Do muss ee kucken, wou am Lëtzebuergesche Parallelle kënne sinn. An effektiv, wann s de kucks, wéi d’Lëtzebuerger am Alldag matenee schwätzen, funktionéiert do ganz vill op eng quasi non-verbal Aart a Weis.
D‘Figuren am Stéck soe jo net yes. Si schwätze keen Oxford English. Si soe yeah, a wéi seet een dat op Lëtzebuergesch? Wann si géife jo soen, wär dat ze neutral. An der lëtzebuergescher Versioun soen si dofir ëhë.
Mir hu verschidde sou Tricken an der Alldagssprooch, mat deenen ee ka schaffen, fir dat, wat de Longman a Gundog mécht, erëmzeginn. Virun allem, well d’Sprooch sou rau an haart ass. Ech hu fonnt, dass dat op Lëtzebuergesch relativ gutt geet.
Vreckvéi schwankt tëschent der Sensibilisatioun vum Public, gängeg an der Konscht, an awer och der Desensibilisatioun, notamment wat d’Schluechte vun Déieren ugeet. Huet deng Aarbecht mam Text dech sensibiliséiert oder desensibiliséiert? Oder ass d’Iwwersetzung vun engem Text een neutrale, “mathemateschen” Aarbechtsprozess?
Weder nach. Vreckvéi ass en Text iwwert den Eescht vum Liewen, an deen Eescht vum Liewe gëtt ganz konkret an der Aarbecht gewisen, déi déi Jonk maachen. Se besteet doraus, sech ëm Déieren ze këmmeren, an déi mussen heiansdo geschluecht ginn. Et ass keen do, deen hinnen déi Aarbecht géing ewechhuelen. Si mussen et selwer maachen. Dat kann ee konkret gesinn, an dat kann een als Metapher gesinn.
Wann ech keng Sensibilitéit fir den Text gehat hätt, hätt ech en net iwwersat. Ech hu fonnt, dass d’Sprooch an d’Thematik mir immens entgéint komm sinn.
« DUERCH D’AARBECHT UN ENGEM TEXT GËTT EEN AN SENGEM WIESEN NET VERÄNNERT. »
Awéiwäit verännert sech d’Essenz vum engem Text a senger Iwwersetzung? Elo stécht jo och eppes vun dir a Vreckvéi, besonnesch am Titel. Vreckvéi ass kee Lëtzebuergescht Wuert. Den Originaltitel Gundog ass keen englescht Wuert. Awéiwäit “gehéieren” Text an Titel dir?
Rechtlech gehéiert nëmmen d’Iwwersetzung mir. Du has AI ugeschwat. Wat do erauskënnt, ass jo näischt Perséinleches.
Well ech wollt weisen, dass et fir mech eng ganz perséinlech Aarbecht ass, hunn ech mer d’Méi ginn, fir en Titel ze fannen, deen op mannst esou staark wier wéi Gundog. Mat Hond ass et einfach net gutt gaangen. Du hues jo a gundog zwee Mol de G, sou eng liicht Assonanz. Mat Vreckvéi hunn ech probéiert, dat e bësschen nozemaachen.
Wat mech un deem Stéck beandrockt huet, ass wéi déi Jonk mam Dout ëmginn. Ech hu mer ufanks ganz vill Gedanken doriwwer gemaach, wéi ech d’Wierder fir stierwen sollt iwwersetzen. Op Englesch ass dat einfach to die, egal, ob ee vu Leit schwätzt oder vun Déieren. Op Lëtzebuergesch soe mer bei Déieren awer dacks net, dass se stierwen. Mir soen, dass se kabott ginn oder aginn. Ech hunn all Kéiers stierwen geschriwwen. Ech wollt mam Titel ee Kontrapunkt setzen. D’Wuert vrecken kennt just am Titel vir, net am Stéck.
Well d’Kanner hu jo kee Glawe méi, mee si hunn awer een hellege Respekt virum Liewen a virun deene Schoof. An dofir soen si, dass d’Schof stierwen. A wann si de Geck mam Stierwe maachen, dann ass et ni de Geck mat den Déiere, déi stierwen. Dat huet mech immens beandrockt.
Vreckvéi ass sou geschriwwen, dass d’Gespréicher tëschent de Charaktere vun enger Zeil op déi nächst vu Banalitéiten op philosophesch Froe wéi den Doud kippen. Den Doud ass en éiwegt Thema an der Konscht. Hunn sech duerch deng Aarbecht nei Abléck iwwert d’Thema Doud, villäicht am Kontrast mat Banalitéiten, erginn?
Nee. An et ass traureg ze soen, dass een duerch d’Aarbecht un engem Text an sengem Wiesen net verännert gëtt. Ech mengen, dass een op déi Texter fält, déi engem entgéint kommen. Dass een sech
fir déi interesséiert, an dann investéiert een seng Zäit an seng Energie, fir eppes domat ze maachen. Wann ech un engem Text schaffen, muss ech déi Saache wëssen, déi sollen drakommen. Dat Wichtegst
ass, dass een a sengem Liewen Erfarunge mécht, déi ee weiderbréngen oder veränneren. D’Literatur kënnt duerno.