Elsa Rauchs
- Interview

D’Theema Nohaltegkeet huet vill gesellschaftlech Debatten an de leschte Jore gepräägt an dat am Hibléck op vill verschidde Secteuren, dorënner och d’Kultur. De Begrëff selwer ass awer nach guer net laang an där Heefegkeet am gesellschaftlechen Discours präsent, wéi eng Analys vum Digitalen Wörterbuch der Deutschen Sprache (DWDS) weist: de Begrëff gouf an de vum DWDS analyséierten Zeitungen1 am Joer 1994 just 103 mol gedréckt, do virdru war d’Wuert quasi guer net präsent. D’Benotze vum Wuert klëmmt drastesch iwwert d’Joren, 2022 gëtt et 23.736 gezielt an erreecht e virleefege Peak.
Nohaltegkeet an der Kultur ass en Theema mat deem sech a leschter Zäit méi grondleeënd beschäftegt gouf. Mam Kulturministère konventionéiert kulturell Acteuren hunn sech iwwert d’Ënnerschreiwe vun der sougenannter Charte de déontologie2 verflicht hir Produktiounen a Manifestatiounen am Sënn vun der ÉcoResponsabilitéit ëmzesetzen. Dat heescht am Kloertext d’Produktiounen nohalteg plangen, mat der Méiglechkeet fir Reprisen an och den Ëmweltimpakt am An ze behalen, notamment wat d’Uschafe vu Materialien (haaptsächlech fir d’Bünebild) ugeet. Wien awer elo mengt, de Gedanke vun der Écoresponsabilitéit wier nei fir d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg, deen iert sech. Déi kulturell Acteuren hunn – virun allem aus Käschtegrënn – scho vill vun de Consignen ëmgesat, éiert vun Nohaltegkeet geschwat gouf. Mat begrenzte Budgete kann een net all Kéiers alles nei kafen, et goufen Theaterfundusen opgebaut an et ass ganz normal Material esou gutt et geet ze recycléieren – an enger anerer Produktioun oder anzwousch anescht. Och wann d’Motivatioun fir nohaltegt Schaffen haaptsächlech eng finanziell war, kënnt se dem Ressourcen a Klimaschutz zegutt. De Kulturministère wëll mat enger sougenannter Ressourcerie, engem grousse Stock u Requisiten a Material, déi kulturell Acteuren dozou beweegen, hir Ressource mateneen ze deelen – méi verstäerkt, ewéi dat elo schonns de Fall ass. Dëse Schrëtt gëtt vun de kulturelle Strukture begréisst, wéi eng rezent Etüd weist3.
WIE MENGT, DE GEDANKE VUN DER ÉCO-RESPONSABILITÉIT WIER NEI, DEEN IERT SECH.
An der Philosophie vum Mierscher Theater ass Nohaltegkeet déif verankert – an dat sécherlech net nëmmen aus finanzielle Grënn. Nohaltegt Schaffen am Kulturberäich betrëfft net nëmmen eleng d’Material, dat benotzt gëtt, mee och d’Aart a Weis wéi a virun allem mat wiem geschafft gëtt. D’Haus leet de Fokus op lëtzebuerger Kënschtlerinnen a Kënschtler, bitt hinnen eng Bün an d’Méiglechkeet hir artistesch Visiounen ëmzesetzen. Unhand vun der Produk tioun vu VRECKVÉI, engem engleschsproochegen Theaterstéck vum Simon Longman, grandios an d’Lëtzebuergescht iwwersat vun der Elise Schmit, léist sech weisen, wéi de Versuch eng maximal Nohaltegkeet am Theater z’erreechen, ausgesäit. Ugefaang beim Cast a beim Creative Team, déi nëmmen aus Leit mat engem konkrete Bezuch zur lëtzebuerger Theater oder Kulturlandschaft bestinn. Am Ganze 15 Leit, déi de Mierscher Theater wärend der Produktioun beschäftegt an déi national an international vill gefrot sinn, wat e gutt Zeeche fir d’Lëtzebuerger Theaterzeen ass.
Wéi déi uewen ugefouert Etüd weist, huet d’Material, wat fir d’Bünebild gebraucht gëtt, mat dee gréissten Impakt op d‘Ëmwelt. Bei VRECKVÉI gëtt probéiert esou vill ewéi méiglech op existent Material zeréck ze gräifen. Esou gutt ewéi näischt gëtt nei kaf – a wann eppes nei muss kaf ginn, da gëtt séchergestallt, dass et, nodeems d’Stéck ofgespillt ass, eng aner Bestëmmung kritt. Dat zentraalt Element vum Bünebild vun der Marie-Luce Theis ass e Fahrsilo, deen sech bal iwwert déi ganz Bün erstreckt. Natierlech kann ee keng 90m3 Fruucht op d’Bün féieren, mee de Silo muss artifiziell nogebaut ginn. D’Grondstruktur besteet aus enger Podesterie. Do drop an ënnert der Baatsch leie Säck, gefëllt mat Holzhackschnitzel, fir de richtege Look hinzekréien an och de Schauspiller·innen e méiglechst authentescht Gefill ze ginn, wann se driwwer lafen.
D’Schnitzele komme vu Beem aus de Bëscher vun engem wuel bekannten Agriculteur vu Branebuerg a si vun deem selwer hier gestallt. D‘Säck ginn herno benotzt fir d’Grompere vum Bauer ze lageren an d’Schnitzele kommen nees an hiren normale Kreeslaf zeréck, nämlech an dem Bauer seng Verbrennungsanlag fir de Betrib ze hëtzen. D’Botte komme vu Rolleng, goufe souwisou ge presst a kommen duerno nees op hir ursprünglech Plaz zeréck. Déi al Autospneue maache virun hirem Recyclage Statioun op der Bün a ginn duerno weiderverwäert.
Wéi déi uewen ugefouert Etüd weist, huet d’Material, wat fir d’Bünebild gebraucht gëtt, mat dee gréissten Impakt op d‘Ëmwelt. Bei VRECKVÉI gëtt probéiert esou vill ewéi méiglech op existent Material zeréck ze gräifen. Esou gutt ewéi näischt gëtt nei kaf – a wann eppes nei muss kaf ginn, da gëtt séchergestallt, dass et, nodeems d’Stéck ofgespillt ass, eng aner Bestëmmung kritt. Dat zentraalt Element vum Bünebild vun der Marie-Luce Theis ass e Fahrsilo, deen sech bal iwwert déi ganz Bün erstreckt. Natierlech kann ee keng 90m3 Fruucht op d’Bün féieren, mee de Silo muss artifiziell nogebaut ginn. D’Grondstruktur besteet aus enger Podesterie. Do drop an ënnert der Baatsch leie Säck, gefëllt mat Holzhackschnitzel, fir de richtege Look hinzekréien an och de Schauspiller·innen e méiglechst authentescht Gefill ze ginn, wann se driwwer lafen. D’Schnitzele komme vu Beem aus de Bëscher vun engem wuel bekannten Agriculteur vu Branebuerg a si vun deem selwer hier gestallt. D‘Säck ginn herno benotzt fir d’Grompere vum Bauer ze lageren an d’Schnitzele kommen nees an hiren normale Kreeslaf zeréck, nämlech an dem Bauer seng Verbrennungsanlag fir de Betrib ze hëtzen. D’Botte komme vu Rolleng, goufe souwisou ge presst a kommen duerno nees op hir ursprünglech Plaz zeréck. Déi al Autospneue maache virun hirem Recyclage Statioun op der Bün a ginn duerno weiderverwäert.
Ausser de kuerzen Transportweeër fält fir de Gros vum Bünebild deemno näischt un, wat net souwisou ugefall wier. Och wann et net ëmmer evident ass un d’Material ze kommen, gesäit d’Ekipp vum Mierscher Theater eng Erausfuerderung doranner, zesumme mat de kreative Käpp hannert der Produktioun, de Publikum ëmmer nees mat enger neier Bünekonstellatioun z’iwwerraschen.
1. DWDS-Verlaufskurve für „Nachhaltigkeit“, erstellt durch das Digitale Wörterbuch der deutschen Sprache, <https:// www.dwds.de/r/plot/?view=1&corpus=zeitungenxl&norm=da te%2Bclass&smooth=spline&genres=0&grand=1&slice=1&pru ne=0&window=0&wbase=0&logavg=0&logscale=0&xrange=1946 %3A2024&q1=Nachhaltigkeit>, abgerufen am 27.1.2025.
2. Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg, Charte déontologique, Version 1.1 du 15 décembre 2022
3. Tun Van Beest : De l’opportunité d’une ressourcerie pour le sec teur culturel au Luxembourg, dans Ministère de la Culture du Grand Duché de Luxembourg, Les cahiers du ministère de la Culture, No. 2 : L’écoresponsabilité dans la Culture, février 2024, pp. 1839