UN LABYRINTHE SANS FIL D’ARIANE
- Article

Nom Zweete Weltkrich gouf virun der Mierscher Kierch ee Monument opgeriicht fir den Affer vun dësem Krich ze gedenken. Dorënner befannen sech Resistenzler grad esou wéi deportéiert an zwangsrekrutéiert Mënschen. Si all hunn de Krich net iwwerlieft. Hir Nimm kann een dofir haut nach op dësem Monument liesen. Et sinn der aachtavéierzeg. 48 Schicksaler. 48 Tragedien. 48 Mënschen.
Zesumme mat de Mierscher Guiden a Scoute vum Grupp Saint Michel maachen d’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch zënter 2020 all Joer ee Film an dem si engem vun dësen Affer besonnesch gedenken. 2025 behandelt de Film d’Thema vun der Ëmsiidlung, eng Episod aus der Okkupatiounszäit vun 1942 bis 1945, déi gréisstendeels an de Vergiess komm ass.
Am Park vu Boberstein, haut Bobrów (PL) stinn nach ëmmer d’Iwwerreschter vun engem fréiere Schlass, wat ee mat e bësselche Fantasie un eng éischter romantesch Kuliss erënneren deet. Ma hannert deene Maueren huet sech wärend dem Zweete Weltkrich keng Romantik ofgespillt, mee Geschichten, déi entretemps an de Vergiess gerode sinn. Hei haten d’Nazien dat sougenannte „Lager 103“, een Ëmsiidlungslager fir Lëtzebuerger installéiert. Eng vun deene Familljen, déi dohin ëmgesidelt gouf, war d’Famill Arendt vu Recken bei Miersch. D’Elteren, véier vun hire Kanner an déi 86 Joer al Catherine Arendt goufen als éischt Famill aus dem Land dohinner deportéiert.
Fir d’Erënnerung doru lieweg ze halen, hunn sech och dëst Joer nees zwou Generatiounen zesumme gedoen: déi jonk Membere vun de Mierscher Guiden a Scouten an déi manner jonk, mä net manner engagéiert Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch. Aus dëser intergenerationeller Kooperatioun ass nees ee besonnesche Filmprojet entstanen. Ee Wierk, dat dokumentéiert an Erënnerunge festhält, a gläichzäiteg och vermëttelt, wat deemools passéiert ass. Wéi huet eng Famill sech gefillt déi am September 1942 ëmgesidelt ginn ass an hiert Doheem ënner Zwang huet misse verloossen?
Vun de Recherchë bis zur Filmkamera
Ier iwwerhaapt mol eng Kamera konnt agesat ginn, stounge laang a präzis Recherchen am Vierdergrond. D’Archive vun der Gemeng Miersch a vun de Mierscher Geschichtsfrënn goufen duerchgebliedert an ënnersicht; Fotoen, Dokumenter a Bréiwer analyséiert. Mat der Hëllef vun dëse Recherchë goufen detailléiert Informatiounen iwwer d’Deportatioun an d’Lagerliewen zesummegedroen; vum Alldag iwwer d’Lagerarchitektur bis bei déi streng Reegelen, un déi d’Bewunner sech hu missten halen.
De Film gouf an authentesch nogestallte Kulisse gedréint. Fir d’Atmosphär esou no wéi méiglech un déi Zäiten erunzebréngen, war d’Filmcrew souwuel op Kostümer wéi och op Accessoiren aus där Zäit ugewisen. Wat net konnt nogebaut ginn, gouf ausgeléint. D’Actrice an d’Acteure goufen intensiv op hir Rolle virbereet. Net nëmmen d’Gesten an d’Mimik hu missten astudéiert ginn, mä och d’Emotiounen aus där schwéierer Zäit sollten erëm gi ginn.
Eng Zesummenaarbecht déi verbënnt
D’Scoute vum Grupp Saint Michel hunn sech virun allem ëm d’Schauspill, d’Logistik, de Catering an de Kulissenopbau gekëmmert, wärend d’Geschichtsfrënn déi historesch Genauegkeet an Detailkenntnisser bäigedroen hunn. Dës Kombinatioun huet et méiglech gemaach ee Film ze schafen, deen nodenklech stëmmt an dee beréiert.
Nieft dem techneschen Oflaf vum Film gouf et awer och perséinlech Momenter um Set. An de Pausen tëschent den Dréizeenen, beim Diskutéieren iwwer d’Liewen aus där Zäit oft am Verglach mat der aktueller Zäit. Eng Fro, déi ëmmer nees zur Sprooch koum, war: Wéi kann een esou eng tragesch Geschicht mat dem néidege Respekt erzielen?
Fir d’Catherine Arendt a fir d’Erënnerung
De Film ass virun allem der Joffer Catherine Arendt vu Recken dediéiert. Obwuel selwer net betraff vun den Nazien hirem Diktat, hat si mat 86 Joer decidéiert, hir Famill ob dem schwierege Wee an d’Ëmsidlung ze begleeden. Si steet stellvertriedend fir déi vill aner Mënschen, déi duerch dës mënschenonwierdeg Moossnam hir Heemecht an hir Fräiheet verluer hunn. De Film soll net nëmmen nodenklech stëmmen, mä e soll och weisen, wéi wichteg d’Erënnerung ass.
Dëse Film ass Deel vun eiser lokaler Erënnerungskultur. Gemaach gouf e mat ganz vill Häerz an Engagement an dem festen Zil fir déi, déi net méi kënnen dovun erzielen, net ze vergiessen.