« D’SCHLUECHT ËM MIERSCH WAR AUS. A MIERSCH WAR AN ENGEM DELIRIUM VU FREED. WIEN DEN DAUSCH VUN DENE GLÉCKSSTONNE VUM 10. SEPTEMBER MAT ERLIEFT HUET, VERGËSST ET NI, A WANN EN HONNERT JOER AL GÉIF. FIR DAT ZE BESCHREIWE MISST EEN D’SPRÔCHGEWALT AN D’AUSDROCKSKRAFT VUN ENGEM NIK WELTER HUNN. AL A JONK WAREN OP DE BEEN A STOUNG ALS LIEWEG GARNITUR LAANSCHT D’STROOSSEN. »
EUGÈNE SCHROEDER, FRÄIHEETSGLÉCK, MERSCH À SES MORTS 1940-1945
Vill méi treffend kann een déi éischt Stonne vun der Liberatioun, wéi se sech deemools am September 1944 ofgespillt huet, wuel kaum beschreiwen. Den Eugène Schroeder war deemools an der éischter Rei derbäi an ass e puer Woche méi spéit mat enger amerikanescher Unitéit vun der US-Panzerdivisioun als Dolmetscher weider an Däitschland gezunn.
Dës onbändeg Freed, wéi de fréiere Schoulmeeschter vu Miesdref a spéidere Buergermeeschter vu Miersch se a sengem Exposé beschreift, probéieren d’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch an hirer Ausstellung Endlech fräi! – September 1944 duerzestellen. Dëst unhand vun Objeten, Personnagen a Geschichten, esou wéi se sech virun 80 Joer an eiser Gemeng zougedroen hunn.
D’Zil vun der Ausstellung ass et eng Ambiance ze schafen déi et dem Visiteur erméiglecht an eng Welt anzedauchen déi duerch Exponater, Biller an Informatioune präsentéiert gëtt. Eng Zäit, déi kaum nach ee vun eis kennt a matgemaach huet.
Unhand vun engem Diorama gëtt déi deemools am ganze Land bekannte „Fändelsgeschicht“ beliicht. Eng Geschicht déi sech haut weder an der kollektiver nach an der lokaler Erënnerung zréck fanne léisst. An enger däischterer Nuecht haten Onbekannter zu Miersch den Hakekräizfändel vun der Fassad vun der „VDB1-Dienststelle“ erof gerappt. Den Nazien hir Reaktioun léisst net laang op sech waarden an am Oktober 1941 huelen si 13 Leit vu Recken, Rolleng a Miersch fest a benotzen se duerno als Geiselen. Eent vu ville Beispiller wéi sech Ënnerdréckung an der Gemeng Miersch, mä och am ganze Land ugefillt huet.
Wéi dunn e puer Deeg virun der Liberatioun déi éischt vereenzelt Truppe vun der däitscher Wehrmacht duerch Recken, Miersch a Bieschbech a Richtung däitsch Grenz gezu sinn, konnten d’Awunner aus der Gemeng et bal net gleewen. Véier Joer Okkupatioun, Ënnerdréckung a Naziterror komme moies den 10. September 1944 mat engem Schlag op en Enn.
Amerikanesch Unitéite réckelen iwwert d’Reckener Strooss (haut: Areler Strooss) a Miersch eran. Virsichteg schläichen si sech moies duerch Gäert a laanscht Hecke bis an den Zentrum vu Miersch. E bësselche méi spéit ginn si an den Nopeschdierfer vun enger Populatioun empfaang déi komplett aus dem Haischen ass. Jonk Refraktäre kommen aus hire Stoppen, Lëtzebuerger Fändelen ginn erausgeholl a kommen un d’Fassade vun den Haiser hänken. Freedeg ginn d’Amerikaner an der ganzer Gemeng begréisst. Si gi beschenkt mat Blummen, mat Schampes, mat Wäin a mat enger gudder Hausmaacherdrëpp. Verschiddener kréie souguer eng Bees. Dernieft sti Männer déi kräischen… vu Freed. De Krich ass aus!
Wann engem Vollek d’Fräiheet mat Gewalt gestuel gëtt a se mat friddleche Mëttelen net méi kann zréck gewonne ginn, da muss dës Fräiheet nees zréck erkämpft ginn. Eis Resistenzler sinn eenzegaarteg Virbiller do fir. Hinne gedenke mer op eisem nationale Commemoratiounsdag ganz besonnesch do fir.
An der Ausstellung weise mer ë.a. op d’Schicksal vum Charles Jean-Jacques Goffin hin. Ee belschen Aviateur, den an engem engleschen Opklärungsfliger fir déi amerikanesch Army Air Force geflunn ass. Den September 1944, zwee Deeg virun der Liberatioun, taucht hie mat sengem schwéier beschiedegte Fliger am Himmel iwwer Recken op. Eng schwaarz Dampwollek no sech zéiend, probéiert hien an de Wise beim Béisenerbierg eng Noutlandung. An hirer Ausstellung hunn d’Mierscher Geschichtsfrënn Raum fir dësen eenzegaartege Pilot a seng Geschicht geschaf. Ee Jong den aus einfachste Verhältnisser staamt an zu Graide (B) bei Neufchâteau (B) säin Doheem hat. Säi Striewen no Fräiheet huet keng Grenze kannt.
Endlech fräi – September 1944 ass eng Ausstellung déi ee bewosst publikumsorientéierten Opbau virweist. An hirem Sujet beschreift si déi lokal Erliefnisser vun de Leit wärend der Naziokkupatioun, déi hinnen hir Fräiheet gestuel huet a wéi déi gestuele Fräiheet duerno nees hiergestallt ginn ass. Dobäi bedéngt sech dës Ausstellung mat Momenter och den Emotiounen, déi se fräisetzt fir deemno de Message vun der Erënnerung besser kënnen ze transportéieren.