LE SIÈCLE DE LUCIA
- Article
LE SIÈCLE DE LUCIA
Eng engagéiert Equipe vu Fraen, déi eis bei all Kanner- a Jugendstéck mat Häerz, Gedold a Freed ënnerstëtzt. D’Dammen empfänken d’Kanner, hëllefen hinnen hir Plazen ze fannen a këmmeren sech ëm kleng Noutfäll. Alles verleeft ouni Stress a mat vill Opmierksamkeet, dank hirer roueger Präsenz, déi den Accueil esou besonnesch mécht.
An dëser Equipe huet jiddereen seng perséinlech Geschicht, seng Motivatioun an och seng besonnesch Momenter.


D’Liliane ass schonn zanter 2015 dobäi. Als Benevole vum TROIS C-L koum si Flyere verdeelen an déi deemoleg Direktesch Karin Kremer huet si gefrot, ob si net och zu Miersch wéilt aktiv ginn. Vum Büro an iwwert den Ticketing ass si no an no an de Kannerprogramm gerutscht. Si hätt selwer net erwaart, wéi vill Freed et hir géif maachen, mat Kanner ze schaffen. Haut schwätzt si mat besonnescher Begeeschterung iwwer d’Bëbee-Virstellungen – wéi vill Emotioun an esou klenge Mënsche ka stiechen, dat beandrockt si all Kéier nees.
D’Delphine ass Enseignante gewiescht, am Préscolaire hei zu Miersch. De Marcel Origer aus dem Verwaltungsrot huet si gefrot, ob si net Interessi hätt sech z’engagéieren. Eréischt kuerz an der Pensioun, mat Zäit a mat vill Léift fir Konscht, Musek an Theater, huet si net laang gezéckt. De Kanner- a Jugendprogramm huet si ëmmer begeeschtert. Si schwätzt mat Staunen iwwer „d’Kreativitéit an d’Kënne vun de Kënschtler·innen“. Dat wier fir si ëmmer erëm impressionant. An natierlech kënnt si
heiansdo mat hiren Enkelkanner zeréck – Theater als Generatiounebréck.

D’Christiane ass fir d’Mataarbechter·inne vum Mierscher Theater e richtege Fels in der Brandung. Als fréier Léierin huet si ëmmer den Iwwerbléck an alles am Grëff a steet dem Team mat wäertvolle Rotschléi zur Säit. Si ass dem Theater enk verbonnen a mir begéinen si bei bal all eisen anere Virstellungen.
D’Edmée ass duerch d’Christiane bei eis komm. Als fréier Léierin ass dëse Wee eng natierlech Fortsetzung vun hirem Liewen am Kanner- a Jugendtheater. Jorelaang huet si mat hire Klassen d’Virstellunge besicht, haut begleet si aner Kanner an déi Welt, déi si selwer schätzt. D’Edmée seet: „Wann een eppes gëtt, kritt een dacks méi zréck.“ Besonnesch am Kapp behalen huet si hir éischt Bébé-Virstellung zu Miersch – Beatles for Babies. D’Begeeschterung vun de Butzen ass einfach „formidabel an ustiechend“.
An da ginn et nach déi kleng Frëndschaften a Verbindungen: zesumme poteren an sech och géigesäiteg ënnerstëtzen. D’Marlyse ass net nëmme bei bal all de Virstellungen derbäi, mee engagéiert sech och nach bei den Aktiv Frae Miersch. Do organiséiert si de Second-Hand-Maart an der Hal Irbicht. Wa Kleedungsstécker de Wee net méi aus dem Lost&Found vum Mierscher Theater fannen, kritt d’Marlyse se mat fir de gudden Zweck. D’Manon kënnt vu méi wäit, vu Munneref, bis erop op Miersch a gären och mol mat engem Kuerf voller Mutzen a Schaler fir dem Marlyse bei d’Aktiv Frae mat ze ginn an si bei hirer Aktioun fir Stëmm vun der Strooss ze ënnerstëtzen.
D’Cathy, ausgebilte Clownin, bréngt Laachen net nëmmen an den Theaterfoyer, mee och a Klinicken an Associatiounen. D’Christiane, d’Manon a d’Marlyse sinn och aktiv a Gesangsveräiner, an dacks gi bei de Virstellunge Repertoiren, Nouten a Melodien diskutéiert. E bësse potere virun oder no der Virstellung ass Deel vum Erliefnis.
Wat all dës Frae verbënnt, ass net nëmmen d’Freed um Theater, mee och d’Atmosphär ënnereneen. „Als Schaffe mat Schweess an Ustrengung erliewen ech dat net“, seet d’Edmée. D’Liliane ënnersträicht, wéi fräi alles ass – keen Zwang, mee eng oppen, frëndlech Gemeinschaft. Wann een eng Kéier net kann, gëtt et kee kritesche Bléck, mee ëmmer eng häerzlech Begréissung bei der nächster Geleeënheet.
Eis Benevolen maachen et méiglech datt d’Kanner- an d’Jugendvirstellungen esou probleemlos oflafen, si bréngen Häerz a Passioun an de Foyer!


D’Liette, d’Karin, d’Nadine an d’Danièle ënnerstëtzen am Mierscher Theater den Ensembel blanContact bei senger neier Produktioun Correspondances. Dëst ass e Projet vu véier verschiddene Choreograf·innen bei deem Kënschtler·innen mat an ouni Handicap sech op der Bün treffen. Ouni d’Aarbecht vun dëse wäertvolle benevolen Damme kéint esou e Projet net bestoen.



Si empfänken d’Kenschtler·innen, kucken ob den Adapto zur Zäit ukënnt a fortfiert, hëllefe beim Un- an Ausdoen, a bréngen d’Dänzer·innen sécher bei hire Bus no de Prouwen. Och iwwersetzen si, am Fall wou Sproochen ewéi Franséisch net vu jidderengem verstane ginn. Eng déif Solidaritéit a Frëndschaft entsteet och bei dësen Dammen, déi mat immens vill Respekt, Takt- a Fanger spëtzegefill op all eenzel Kënschtlerin a Kënschtler aginn.
An dat ass villäicht déi schéinsten Zort Applaus. Merci!
INTERESSÉIERT? DE MIERSCHER THEATER SICHT BENEVOLEN!
Dir kënnt iech gäre bei eis melle fir Deel vun enger léiwer an engagéierter Benevolsekipp ze ginn:
info@mierschertheater.lu