Am Mee 1940 gëtt Miersch vun däitsche Wehrmachtstruppe besaat. Wéi sech dräi Méint méi spéit eng Zivilverwaltung hei am Land breet mecht, iwwerschwemmt déi dat ganzt Land mat Verbueter a mat Veruerdnungen. Déi éischt Resistenzorganisatiounen gi gegrënnt a leenen sech géint den Okkupant op. Wéi de Gauleiter 1942 d’Zwangsrekrutéierung verkënnegt, kënnt et zum Streik, dee grouss Deeler vum Land erfaasst. Doropshinn kënnt et zu Verhaftungen an enger Massenerschéissung am SS-Sonderlager zu Hinzert (D). Ënnert den Affer sinn och zwee Mierscher. D’Lëtzebuerger Jugend gëtt an de Reichsarbeitsdienst gezwongen. Duerno mussen d’Jongen un d’Front an d’Meedercher mussen an de Kriegshilfsdienst. Anerer dauchen ënner. Am Februar 1944 kënnt et nees zu Hinzert zu enger Massenerschéissung, bei där e weidere Mierscher higeriicht gëtt. Véier Méint drop landen déi Alliéiert an der Normandie. An eelef Woche méi spéit, den 10. September 1944 marschéieren amerikanesch Truppen zu Miersch eran. Miersch ass „Endlech fräi!“