DE KONSTANTIN ROMMELFANGEN PREPARÉIERT SÄI MONOLOG ONDUGEN, GESCHRIWWE VUM FABIO MARTONE.
Op Lëtzebuergesch gëtt et d’Wierder Acteur a Schauspiller. Dat si verschidde Wierder mat verschidde Konnotatiounen. Mat wat fir engem Begrëff identifizéiers du dech méi?
Ech fannen de Begrëff Schauspieler ganz schéi well dat Wuert spillen dran ass. Et huet eppes spilleresches, eppes kindliches, och. Acteur a comédien komme villäicht aus enger anerer Traditioun. An Acteur ass act, eppes méi eeschtes, professionelles. A comédien ass jo d’comédie dran. Dat huet och scho rëm eppes méi liichtes, spilleresches. Vu dass ech aus der däitscher Traditioun vum Schauspiel kommen, géing ech mech als Schauspiller bezeechnen.
Wiers du éischter comédien oder tragédien?
Ech hoffe béides. Ech komme villäicht éischter vum tragédien. Mee d’comédie ass jo am Fong näischt aneschtes wéi tragédie sou op d’Spëtzt gedriwwen, dass ee scho rëm doriwwer laache muss. D’Wuerzel ass déi nämmlecht. Witzeg am private Liewe sinn ass oft ee coping mechanism; wann een ëmmer een upbeat mécht, obwuel bannendran ee ganz battere downbeat ass. Et ass interessant, dat erauszeloossen. Fir mech ass Schauspill ee Ventil fir gewëss Saachen auszeliewen, déi een am private Liewen sou net kéint. Et kann ee méi vu senge Gefiller, och d’Extremer dovun, weisen.
Wat representéiert d’Disziplinn vum Monolog fir dech?
De Monolog fannen ech eng vun de schwieregsten Disziplinnen. Et ass ee mam Public a mat sech selwer am Dialog, et huet een net nach ee Spillpartner, mat deem een iergendwéi zesumme spille kann. Et muss ee vill aus sech selwer schöpfen a fannen, ouni Input vum Géigeniwwer, mat deem een eng Spilldynamik ka fannen. Am Monolog muss ee selwer de Motor sinn, deen d’Geschicht weiderdreift. Fir mech ass dat d’Königsdisziplin. Op der Schauspillschoul hat ech e puer Monologen. Mee een an där Längt gëtt fir mech déi éischte Kéier. Dat heescht, et ass och fir mech een neien Terrain, deen ech gespaant sinn, z’exploréieren.
« MÄIN USPROCH ASS ET, A MENG FIGUREN ENG ÉIERLECHKEET ERANZEBRÉNGEN. »
Et ass nawell Aarbecht, sech de Monolog ze verhalen. Gëtt et bestëmmten Techniken, déi s du benotz, fir de Skript z’internaliséieren?
Et geet net drëm, wéi an der Schoul stupid d’Wierder vun engem Text ze verhalen, mee si mat enger Haltung ze verbannen. Da sinn d’Emotioune vun der Figur wichteg – déi begleeden den Text dann och nach. An da komme Beweegungen dobäi. Dat gëtt dann sou ee Gesamtpaket. Doduerch gëtt d’Memoriséieren méi einfach. Dann ass Text léieren eng natierlech och Fläissaarbecht, déi een einfach maache muss. Ech liesen den Text lues emol duerch, fir en ze fillen, op Tuchfühlung mat ëm ze goen. Dann, fir ze léieren, wéi ech de Saz soen, visualiséieren ech mir en am Kapp. Da probéieren ech en eng Kéier lues ze soen, an da ginn ech de Saz duerch, vum éischte Wuert op dat zweet, da vum eischten op dat zweete Wuert op dat drëtt, an esou weider. An domadder trainéieren ech souzesoen d’muscle memory vum Mond.
Wann ech dat bis gemaach hunn, schreiwen ech d’Texter nach eng Kéier mat der Hand op, well do ass och fir mech eng Verbindung, tëscht der Hand an dem Kapp. Dann ass et, wéi wann ech, respektiv meng Figur den Text geschriwwen hätt. An no deene Prozesser ass den Text an der Reegel dann dran. Ech hunn awer och Schauspillkolleegen, déi kucken sech d’Säiten un, an den aneren Dag wëssen se déi.
« ECH HU MENG TECHNIK FONNT – DÉI ËMMER AM WANDEL BLEIFT. »
Wéi hues du déi Techniken entwéckelt?
Et ass eng Mëschung vun deem, wat ech op d’Schauspillschoul matbruecht hunn, a vum Austausch mat Kommilitonen op der Schoul. An awer och herno vum Schaffen, d’Léieren hält jo ni op. De Rucksak gëtt ëmmer méi voll. An esou hunn ech meng Technik fonnt – déi ëmmer am Wandel bleift.
De Grondtoun vun Ondugen ass zimmlech sarkastesch. Wann ee Sarkasmus iwwerspillt, geet dat gäre schif aus. Wéi wëlls du den Toun treffen?
Mäin Usproch ass et, a meng Figuren eng Éierlechkeet eranzebréngen. Eppes, wat u mir ugebonnen ass. Dat kann och sarkastesch sinn, mee da muss eng Verletzung drënner leien, oder dass ee mat der Welt, wéi se funktionéiert, net eens gëtt. Wat fir mech am Text drastécht, ass d’Sich no: Wat ass hei meng Plaz an der Gesellschaft? Muss ech ee Bäitrag leeschten? Kann ech ee leeschten? Wëll ech iwwerhaapt ee leeschten? An da spillt dat ganzt an enger Bar – ech nennen et Zwischenzimmer zur Hölle. Well op sou Plaze kann ee ganz vill Zäit verbréngen an d’Gefill hunn, dass ee lieft. Mee et ass ee shortcut, fir sech vum Liewen ofzelenken. Do ware warscheinlech déi meescht vun eis schonn. Dofir fannen ech den Text interessant. Et huet een sou vill ze soen an et well een eppes maache mee et hänkt een iergendwéi am Café an et kënnt een net richteg eraus.
« FIR MECH ASS SCHAUSPILL EE VENTIL. »
Et gi vill literaresch a pop-kulturell Referenzen an Ondugen, vum Victor Hugo bis op den Corey Taylor vun der Metalband Slipknot. Muss een sech mat alle Referenzen déifgrënneg befaassen oder gëtt et esou eppes wéi ze vill Preparatioun? Oder geet et duer, wéi deng Erzielerroll de Claudio drop pocht, de Proust an de Céline net ze verwiesselen?
Zäitmanagement ass ee Facteur. Wann ech dräi duerchfinanzéiert Joer hätt, fir mech op Ondugen virzebereeden, an ech hätt keng aner Aarbechten, da kéint ech soen, hei, ech hunn Interessi dorun, dat ze maachen. Ech soen et mol sou: Heiansdo geet et och duer, ee Wikipedia Artikel ze liesen, een Ausschnëtt ze liesen, an ze kucken, wat de Gedanken hannert der Referenz ass. Am beschte Fall huet de Schrëftsteller jo déi Aarbecht gemaach. Déi Aarbecht stécht iergendwéi schonn am Text dran. Natierlech muss ech e bëssche wësse wie wien ass fir déi net ze verwiesselen. Mee ech mengen och, dass een ze vill verkopfen kann. Et weess ee jo ni alles iwwert ee Mënsch, och wann een sech mat der Persoun befaasst. Wann ech elo de Kurt Cobain huelen, weess ee Saachen, mee et huet een awer net all eenzelne Bréif, net all eenzelne Liddertext duerchgedrongen. Et huet een awer ee Gefill fir de Personnage als Privatpersoun.
An Ondugen ass och, am Hannergrond eng zweet Figur op der Bün, de Serveur. Wat ass denger Meenung no d’Roll vum Serveur an der Gesellschaft, am richtege Liewen?
Et gi Serveuren, déi einfach hir Aarbecht maachen, eng Dienstleistung bréngen, an dann déi, deenen hire Café, an och d‘Mënschen, déi dohi ginn, wierklech um Häerz leien. Wat ee mengen ech net ënnerschätzen däerf ass d’Seelsorge, déi a Caféë vu Serveure bedriwwe gëtt. Ech wëll net wëssen, wéi vill Suicidë mer un Deeg wéi Chrëschtdag oder Neijooschdag méi hätten, wa Leit, déi soss keen hunn, net an de Café goë kinnten. An do een oppent Ouer fannen. Dofir: Hut ab fir all déi Leit.