- Organisatioun: Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch
August 1943. Nodeems hire Fliger schwéier beschiedegt ginn ass, muss déi amerikanesch Crew hire Bomber verloossen a spréngt iwwer de feindleche Linne mam Fallschierm erof. Vun deenen 10 Membere vum Equipage, kréien sech der zwee, no enger abenteuerlecher Rees duerch Nazidäitschland, bis op Miersch duerchgeschloen. Hei kréien si Hëllef vun der Mierscher Resistenz.
E puer Méint méi spéit send d’BBC de Message « D’Ierzenzopp ass gutt » wat heescht, datt déi zwee Aviateuren nees gutt an de frëndleche Linnen ukomm sinn. Ee Meeschterwierk vun der Mierscher Resistenz an hirem Nopeschdistrikt. Mä wat ass duerno mat dësen dapere Männer a Frae geschitt? Dëse Film beliicht hiert Schicksal an hire Courage …