- Organistatioun: Institut Grand-Ducal Section Arts et Lettres, Centre national de littérature - Lëtzebuerger Literaturarchiv, THEATER FEDERATIOUN
De Pol Greisch huet „ouni tapaasch, déi festgefueren a steifgefruere lëtzebuerger theaterlandschaft opgedeet an ëmgetesselt, d’mëttelméissegkeet, un déi mer äis scho bal gewinnt haten, als dat gewisen, wat se ass“ (Roger Manderscheid)
Iwwert Joerzéngten huet de Pol Greisch nei Jalonen am Theater op Lëtzebuergesch gesat, a war och soss literaresch äifreg mat Gedichter, Zenarien a Radiospiller, Erzielungen a Romaner. Als Theaterauteur huet hien mat senger geschlaffener Sprooch am tragikomesche Stil a mat deem typesche Greisch-Humor zäitgeméiss Themen ugeschwat. Seng Trilogie Äddi Charel-Besuch- E Stéck Streisel, an aner Texter wéi Grouss Vakanz, Margréitchen, Kiischtebléien, Fënsterdall oder Dame Blanche si wichteg Momenter fir d’Lëtzebuerger Theaterliteratur: „lues Stécker an dobäi jäizen se sou haart… wann ee gutt nolauschtert“ (Marc Olinger).
Dem Greisch seng Personnagen, sief et op der Bün oder a den Erzielungen a Romaner, si gewéinlech bei Alter, fillen sech eleng an hunn Angscht, si hu kee Mënsch fir ze schwätzen, a wann, da fannen se net déi richteg Wierder. Dem Auteur seng melancholesch Figure sinn op der Sich no eppes wat et net gëtt.
Dem Pol Greisch seng Karriär am Lëtzebuerger Theater war laang: Scho mat 15 Joer huet hie säin Debut ginn. Spéider war hien och fir seng Optrëtter mat der Actrice Juliette François bekannt. 1955 war d’Koppel eng éischte Kéier zesummen op der Bün ze gesinn, a bis zum Doud vun der Schauspillerin am Joer 2007 sinn si ëmmer nees zesummen opgetrueden. Och an der Filmzeen war de Pol Greisch e beléiften Acteur, vun Déi Zwee vum Bierg iwwert Schacko Klak bis bei Rusty Boys war hien a ville Produktiounen derbäi. Seng lescht Filmroll war 2020 am Kuerzfilm Lupus vum Laurent Prim.
Den Owend fänkt u mat Auszich aus dem Pol Greisch senge Prosatexter. Uschléissend erënnere Bünepartner a Regisseure sech un d’Zesummenaarbecht mam Pol als Theaterpionéier, Schauspiller an Auteur. Fir den Owend ofzeronnen begéine mer sengen typeschen Theaterfiguren um Beispill vun Extraiten aus deene bekannteste Stécker.


