- Organisatioun: Photo-Club Camera 77 Miersch
De Photo-Club Camera 77 Miersch feiert seng 50 Joer mat enger Ausstellung am Mierscher Theater!
Déi ausgestallte Fotoe sinn eng Auswiel vun de markantste Momenter a stamen aus den ëffentlechen Diasprojektiounen vum Photo-Club Camera 77 Miersch, déi, als Reportage zesummegestallt, d’Aktualitéiten an d’Aktivitéiten zu Miersch gewisen hunn.
50 Joer Photo-Club Camera 77 Miersch
De Club ass als Photo-Ciné-Club den 21. Januar 1977 gegrënnt ginn. Vun Ufank un si Projektioune vun de Memberen (a Multivisioun) gewise ginn. Am Laf vun de Joere sinn d’Aktualitéite vun de Waljoren 1987, 1993 an 1999 derbäi komm. An där Zäit sinn och Filmer fir Grouss a Kleng gewise ginn, déi de Club iwwert de fréiere Centre de Diffusion et d’Animation Cinématographique kritt huet. Ufank de 1990er Joren ass d’Aktivitéit vum Ciné-Club agestallt ginn. Senger Zäit huet de Club e.a. „Mierscher stellen aus“, zesumme mat de Kënschtler·innen aus der Gemeng Miersch, organiséiert. Haut organiséiert d’Camera 77 seng eege Fotosausstellungen a mécht bei nationale Fotosconcourse mat. Reegelméisseg
fotografesch Sortien am Land oder an der Groussregioun stinn och um Programm. De Club huet momentan 33 Memberen, dovunner hunn der 12 eng Lizenz bei der Fotosfederatioun.
Projektiounen
· Déi beschte Biller vun de Membere vu Camera 77
· Fotoen zum Thema Véier Joereszäiten, ënnermoolt vun der Musek vum Antonio Vivaldi