Wien haut Michel Rodange seet, deen denkt un de Renert. Seng aner Texter si praktesch all vergiess – leider. Besonnesch seng Léierchen huet et verdéngt erëm nei entdeckt ze ginn: e längert Gedicht iwwer d’Natur an d’Bauereliewen, dat bis haut mei Froen opgeheit, wéi et beäntwere kann: Wéini ass et geschriwwe ginn? Wéi ass den Originaltitel? Kenne mir dem Rodange seng definitiv Versioun?
Och den Text selwer huet fir Irritatioune gesuergt. De Satiriker Rodange weist hei eng ganz aner Säit vun sech: poetesch, sensibel a nostalgesch. D’Léierchen haut liesen heescht e Bléck zeréckgeheien an eng Zäit, wou d’Natur den Alldag an de Liewensrhythmus vun de Leit bestëmmt huet, geschriwwen an enger Sprooch, déi eis esou friem ginn ass, wei d’Liewen dat se beschreift. Mee an Zäite vu Klimakris, Fukushima an Aartestierwen ass dem Rodange seng Hymn un d’Natur eventuell mei modern an aktuell, wéi een ob den éischte Bléck mengt.
Am Zesummespill vu Liesung, Musek a Konferenz wëlle mir d’Léierchen am Kontext vum Anthropozän nei entdecken.

