D’Mierscher Musek invitéiert iech häerzlech op hiren traditionelle Wanterconcert. Fir op déi gemittlech Joreszäit anzestëmmen, bitt d’Musek an hire Jugendensembel e stëmmungsvolle Programm: vu klassescher Marschmusek iwwer Solostécker, bei deenen de Fagottist Fränz Schroeder déi wonnerbar Kläng vu sengem Instrument zum Beschte gëtt, bis hin zu enger musikalesch ënnerluechter Erzielung vun The Night Before Christmas, virgedroe vum Claude Haubrich.

Originalkompositioune wéi The Cry of the Last Unicorn an exzellent Transkriptioune wéi dem Edvard Grieg säi March of the Trolls däerfen dobäi natierlech net feelen. Den zweeten Deel vum Owend gëtt dëst Joer vun eisem Éieregaascht, der Harmonie Gemeng Mamer, presentéiert. Si bidden iech e spannende Programm aus der Harmonieorchester-Literatur an entloossen iech uschléissend wonnerbar agestëmmt an d’Chrëschtdeeg.

Visite

Venir en train ou en bus

Le Mierscher Theater est à 10 minutes à pied de la gare de Mersch. Les trains et bus desservent Mersch tous les jours, assurant votre aller-retour en toute sérénité.

Pour de plus amples renseignements :

Venir en voiture

De Luxembourg-Ville et du Sud

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

De Ettelbruck ou du Nord

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

Vous pouvez vous garer sur le parking « Schlasspesch » qui se trouve en proximité directe du Mierscher Theater.