LE SIÈCLE DE LUCIA
- Article
LE SIÈCLE DE LUCIA
Liette, Dir engagéiert Iech zanter ville Joren am Benevolat?
Jo. Ech maachen zanter iwwer 60 Joer Benevolat, an dat mat immens vill Freed. Ech war Spillschoulsjoffer an hat vill Vakanzen. Ech wollt déi Zäit ëmmer notze fir eppes Flottes ze maachen. Fir de Moment sinn ech ënner anerem Benevole bei der Produktioun Correspondances vum Mierscher Theater.
Dir wart eng wichteg Hëllef hannert der Bün vum Kasemattentheater an dat bal vun Ufank un. Deemno hutt Dir d’Entwécklung am Theater zu Lëtzebuerg vu ganz no mat erlieft. Wéi beschreift Dir réckwierkend dëse Parcours?
An de 1965er Joren hunn ech de Pierre Capesius kenne geléiert. Hie war deemools President vum Kasemattentheater. Hien huet mech gefrot ob ech wéilt hëllefen. Fir d’éischt hunn ech just Klengegkeete gemaach, an dat huet sech dunn ëmmer méi gesteigert, bis ech voll a ganz dobäi war. Ech hunn hanner der Bün gehollef: d’Kleeder preparéiert, d’Requisitte prett geluecht. Wann alles fäerdeg war, hunn ech d’Kees gemaach. Am Ufank war de Kasemattentheater jo nach an de Kasematten, ënnerierdesch an am Bockfiels. Et huet ëmmer missen alles erof gedroe ginn – vum Projekter bis zur klengster Schrauf – an no der Virstellung nees erop. D’Kleeder hunn ech all Owend matgeholl, well et einfach ze fiicht an de Kasematte war. Duerno sinn d’Kasematten ëmgebaut ginn. 1998 si mir dunn op Bouneweg geplënnert, nieft d’Banannefabrik. Dat war esou eng spannend Zäit, ech hunn esou vill schéi Momenter mat erlieft!

Ech hunn deemools och mam Claude [Mangen] geschafft. Am Joer 2000 hunn ech mech beim Stéck Du bist meine Mutter vum Joop Admiraal em d’Kostümer an d’Requisitte gekëmmert. De Claude huet déi zwee Personnage gespillt: déi demenzkrank Mamm an de Fils. „Ech si ganz sécher iwwer mäin Text“, sot de Claude mir, „awer géif et dir eppes ausmaache fir dech an d’Kulissen ze setze mam Text, da sinn ech mei roueg“. En huet mech ni gebraucht, awer bei all Virstellung souz ech do. Dat war e flott Erliefnis!
Ech hunn och bei engem Theaterstéck matgehollef wou eng Solo-Schauspillerin vu Basel matgewierkt huet. Et ass extra eng Inspizientin matkomm, fir sech ëm d’Requisitten op der Bün ze këmmeren. Et war e Stéck mat engem gedeckten Dësch vun enger Hochzäit, déi scho fäerdeg war. Et wor e risegen Duercherneen a Chaos um Dësch! Et huet alles missen op senger exakter Platz stoen, well d’Schauspillerin d’Objeten een nom anere blannemännerches an de Grapp geholl huet. No dräi Prouwe sot d’Inspizientin zu mir: „Dir hutt jo elo gutt nogekuckt. Ech kann net bleiwen, da maacht dir d’Inspizienz wärend de Virstellungen.“ Wéi soll ech dat fäerdeg bréngen, duecht ech! Dunn hunn ech alles fotograféiert. No der éischter Prouf, wou ech alles eleng arrangéiert hat, sot d’Schauspillerin zu mir: „Sot, waart dir schonn ëmmer a vun Ufank u bei mengem Stéck dobäi? Ech hunn absolut net brauchen ze kucken, ech hu gegraff an et stoung alles ganz genau do, wou et ëmmer stoung.“ Mais ech hu gefuddelt, ech hat jo Fotoen.
„DEN THEATER, DAT WAR MENG SCHÉINSTEN ZÄIT!“
Ech hu jorelaang am Kasemattentheater gehollef. Et waren esou vill flott Projeten! Ech hu vill interessant Leit kenne geleiert, haut gestane Schauspiller, déi deemools frësch aus hiren Opnamexame koumen. Den Theater, dat war meng schéinsten Zäit! Ech wollt awer dunn de Jonke Plaz maachen an hunn am Kasemattentheater opgehal.
Wéi sidd dir an de Mierscher Theater komm?
Duerno huet d’Karin Kremer, deemools Direktesch vum Mierscher Kulturhaus, mech gefrot ob ech keng Loscht hätt, am Kulturhaus hanner der Bün ze hëllefen. Grouss Projete waren zum Beispill Schold a Schäin vum Claude Mangen (2010) an Äiskal vum Pol Greisch (2015). All Kostüm, all Requisit huet bei dëse Stécker missen op senger Platz sinn, ech hunn dat immens gär gemaach. Esou sinn ech och op de Projet blanContact gestouss. Bei dësem Projet sinn ech schonn zanter Joren als Benevole mat dobäi. Ech komme schnell mat Mënschen a Kontakt an hat an der Schoul ëmmer mol mat Persoune
mat enger Beanträchtegung ze dinn. Duerch de Projet blanContact ass e Lien matt der Fondation Kräizbierg entstan, an zanter deem sinn ech och als Benevole bei hinnen aktiv.


E anere wichtege Benevolat war Äert Engagement während der Fouerzäit fir d’Kanner vun de Forainen ze betreien. Wéi wichteg war Iech dëst Engagement?
Ugefaang huet eigentlech alles mam Versuerge vun de Forainskanner wärend der Fouer am Summer. Dat hunn ech 35 Joer laang all Joer gemaach. Kanner, déi ech schonn an der Spillschoul hat, hu mir dobäi spéider als Studente gehollef. Et war vill ze maachen! Mir goufe vun der Oeuvre nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte, der Gemeng Lëtzebuerg an dem Familljeministère ënnerstëtzt. Mat deene Suen hu mir versicht eens ze ginn. Wärend dräi Wochen hu mir eis all Dag, Samsdes a Sonndes och, mat de Kanner beschäftegt.
Wat huet de Benevolat Iech bruecht?
De Benevolat huet mir esou vill bruecht! Ech hunn dat gebraucht. Ech hat vill Fräizäit a war keent, dat direkt an d’Geschäfter gelaf ass.
Gëtt et haut nach Platz fir de Benevolat am Theater ?
Ech weess net, ob an de groussen Haiser nach Plaz fir de Benevolat ass. Mais den Duerftheater, wann ech dat Wuert däerf gebrauchen, leeft nëmmen iwwer de Benevolat. Do si Leit, déi sech hierginn, fir all déi Saachen ze maachen. Do musse Benevoller do sinn, fir dass dat ka viru bestoen.
