- Moderatioun: Pit Brosius
- Organisatioun: Orchestre National des Jeunes du Luxembourg
Mat Bléck op den nächste Concert weist de Pit Brosius mat ville Beispiller, dass dem Wagner seng Operen méi wéi nëmme laang a schwéier sinn an op wat ee lauschtere kann.
De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, féiert mat Gäscht duerch verschidden Themen. Verbonne mat Diskussiounsronnen, dem Lauschtere vun enger Hellewull verschiddenen Opnamen a villem méi, riichten sech des Owenter u Museksintresséierter, Hobbymuseker·innen an u Leit, déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.