UN LABYRINTHE SANS FIL D’ARIANE
- Article

DE LUUCHTEKËNSCHTLER MARC THEIN ASS REEGELMÉISSEG AM MIERSCHER THEATER. DUERCH SENG KREATIV APPROCHE A VILLFÄLTEG PROJETEN KËNNT HIEN ËMMER NEES OP NEI IDDIEN A GEDANKEN.
Marc, du bass e villsäitege Luuchtekënschtler. Wann een deng Website kuckt, da gesäit een do Projeten am Theater, mat Bands, Live Sets, open-air an och vill Eegen- an Handaarbecht. Kann ee soen, dass du eng Do It Yourself-Approche vis-à-vis vun dengem Metier hues?
Jo absolut. Ech si jo usech an dee Metier gerutscht. Ech hunn Tourismusmanagement studéiert an ofgeschloss an dono hat ech nach ee Master a Learning and Communication in Multilingual and Multicultrural Contexts ugefaang, mee nom drëtte Semester hat ech kee Bock méi an hu mol en halleft Joer Party gemaach. An dunn hat ech kee Geld méi. An du sinn ech bei Discolux a bei de Luuchte gelant. Ech hunn ëmmer Saache gebaut an déi Saachen, déi ech bauen, sinn ëmmer déi Saachen, déi soss kee mécht. Ech beschäftege mech vill mat Form a Format. Mir schwätze vill iwwert recycléieren an eng Ressourcerie opzebauen. Ech denke mir, et kéint een d’Décoren och einfach aneschters bauen. An do amuséieren ech mech. Am Holz, am Metall, … Deen Do It Yourself-Volet ass einfach esou entstanen. Ech hu mir alles selwer bäibruecht. Den Diplom, deen ech hunn, ass meng Réckversécherung. Wann näischt méi geet, da kann ech nach ëmmer eppes domat maachen.
Wéi een Titel géifs du dir selwer ginn? Créateur Lumière aus dem Franséischen trëfft et villäicht éischter ewéi Beleuchter op Däitsch?
Ech soen einfach ëmmer: Ech maache Luucht an all senge Facetten. Also wou ech meng Website frësch gemaach hunn, hunn ech festgestallt, dass meng Roll bei de verschiddene Projeten ënnerschiddlech ass. Heiansdo ass et Luucht, heiansdo ass et Lighting Design, heiansdo ass et Lights, heiansdo ass et Créateur Lumière, heiansdo ass et Artiste, heiansdo ass et Set Design/ Scénographie – dat lescht awer manner oft. Ech maachen ëmmer iergendeppes wat mat Luucht ze dinn huet. Am Endeffekt kënnt et ëmmer rëm op d’Luucht zréck.
„ECH BELIICHTE MÉI DE RAUM WÉI D’LEIT A PROBÉIEREN DE RAUM ESOU ZE BAUEN, DASS DÉI LEIT, DÉI OP DER BÜN SINN, DO ENG PLAZ FANNEN.“
Wéi spréngs du vun engem Projet an deen nächsten? Vun engem risegen open-air Projet an der Völklinger Hütte mam Heiner Goebbels op eng frontal Bünesituatioun am Mierscher Theater fir dem Saeed Hani säin Unveiling the Abstract, zum Beispill. Iwwerhëls de do Saachen oder grenzt sech dat esou guer villäicht aus?
Iergendwou ass alles zesumme matenee verbonnen. Ech hunn zum Beispill eng speziell Luucht zu Völklingen benotzt, déi ech virdrun am Kapuzinertheater benotzt hunn. Vu Völklingen dunn ass d’Luucht matgewandert an den TNL fir e Stéck vum Camille Kerger. Dat huet natierlech ëmmer gepasst, soss geet dat jo net. Dat ass dann eng Ästhetik, déi bei verschidde Stécker passt. Wat ee bei engem wéi dem Heiner Goebbels léiert, ass d’Dramaturgie vun der Luucht a vum Stéck a wéi alles zesummenhänkt. Dat ass eng Schoul, déi hëlt ee mat.
Beim Theater ass et mir eigentlech egal wat si schwätzen. Ech wëll héiere wéi d’Leit, déi schwätzen, kléngen. An de Prouwe wëll ech héieren a gesi wat si maachen. Duerno sinn ech dann aleng an iwwerleeë mir mäint. Dat ass e ganze Prozess. Duerno op der Bün ass souwisou erëm villes anescht. Et ass awer och vill un de Raum gebonnen. Ech beliichte méi de Raum wéi d’Leit a probéieren de Raum esou ze bauen, dass déi Leit, déi op der Bün sinn, do eng Plaz fannen. Eng Luucht fir de Schauspiller X op der Plaz A hell ze maachen, fannen ech langweileg. Dat kann ee maachen, mee do gesinn ech mech net.
Dem Choreograph Saeed Hani seng kënschtleresch Ästhetik baut op engem grëndlech iwwerluechte Minimalismus op an deem Kierperen an Objete benotzt gi fir staark Biller ze kreéieren. Wéi fills du dech a seng Welt eran? Wéi gesäit déi Zesummenaarbecht aus?
Wat ech enorm un him schätzen, bei KHAOS zum Beispill, do sinn ech an de Mierscher Theater komm
eng Prouf kucken an do war d’Stéck schonn zu 95% fäerdeg. De Sound war fäerdeg, d’Mouvementer ware bal all fäerdeg. Dat heescht, seng Visioun war gemaach. An du sinn ech eréischt derbäi komm, hu mir déi Prouf ugekuckt an hu meng Visioun dropgesat, déi natierlech net direkt passt an doraus entstinn dann nei Iddien an nei Dynamiken, Spannungen am Bild. Ech ka gutt mat him funktionéieren, well hien huet schonn seng Iddie fäerdeg, duerno freet e mech a léisst mer och d’Fräiheet – natierlech gi mol Biller och diskutéiert, awer et ass en angeneemt Schaffen.
Wagner vum Jacques Schiltz beweegt sech tëscht hilaranter Komik an historeschem Usproch, mat ville Schauspiller·innen op der Bün, e Bünebild a Kostümer, déi a Kollaboratioun tëscht der Marie-Luce Theis an der Michèle Tonteling entstinn. Wou ass do deng Plaz? Diskutéiers du vun Ufank u mat oder kënns de eréischt géint der Schluss dobäi?
Ech kennen de Jacques elo scho méi laang an de Jacques war ëmmer sou de klassesche Regisseur mam Motto „d’Luucht kënnt eréischt zum Schluss eran“. Mëttlerweil huet e realiséiert: „et ass scho clever, wann een de Marc vun Ufank u freet an och mat abaut“. Dat huet en dunn och gemaach an ech war bei der éischter Reunioun derbäi. Ech brauch och net méi. Ech gi just eng Kéier mat, lauschtere wat do sou gezielt gëtt. D’Marie-Luce an d’Michèle sinn awer och Persounen, déi gäre mol Iddien tauschen, Saache weisen an da Feedback froen. Si maachen elo mol hiert. Iergendwann kommen ech dobäi an hu meng Iddi. An da musse mir kucken ob mir do uneneen, laanschteneen,… fir zesummen eppes ze kreéieren. Mam Jacques ass et ëmmer spannend. Et ass en anert Schaffen, awer ëmmer och ganz angeneem. Hie schéckt mir Videoen oder Saache fir ze liesen, déi e fënnt, wou ech heiansdo guer näischt verstinn. Hien ass voll an der Thematik an ech liesen dat dann a pfff… (weist en explosiounsartege Geste). Muss ech als éischt e Buch liese fir dat do ze verstoen? Mee ok! (laacht)