- Text: Simon Longman
- Iwwersetzung: Elise Schmit
- Regie: Max Jacoby
- Regieassistenz: Jacques Schiltz
- Bün: Marie-Luce Theis
- Kostüm: Michèle Tonteling
- Musek: Kyan Bayani
- Spill: Maximilien Blom, Anne Klein, Dominik Raneburger, Elsa Rauchs, Pitt Simon
- Produktioun: Mierscher Theater
„D’Stéck spillt um Land. ’t ass sou roueg, de héiers keen Toun. Déi Zort Rou, déi dech daf mécht. Déi Zort Rou, déi mécht, datt s de mengs, d’Äerd géif der ënnert de Féiss fortdréinen.“
En alen Haff iergendwou an enger eidler Landschaft. Zwou Schwësteren, d’Becky an d’Anna, kucken no deene puer Schof, déi nach iwwereg sinn. Den Haff rentéiert sech scho laang net méi. Hire Brudder Ben ass verschwonnen. D’Mamm, de Papp an de Grousspapp sinn dout. Et si keng Suen do, fir d’Haus ze flécken oder no kranke Schof ze kucken. De Bistro huet zougemaach an et gëtt keng Nopere méi. D’Becky an d’Anna maache weider, net aus Iwwerzeegung, mee well et keng Alternative gëtt. Wéi e Geescht daucht e Friemen um Haff op, an op eemol schéngt awer eppes méiglech: Frëndschaft, eng sënnvoll Aarbecht, Solidaritéit villäicht. An op eemol sinn och de Ben an de Grousspapp nees do. Mee egal, a wéi eng Richtung een d’Zäit dréit: D’Liewe bleift eng Gratwanderung tëscht Hoffnung a Verloscht.
De schottesche Schrëftsteller Simon Longman weist op seng eenzegaarteg batterkomesch Aart a Weis jonk Leit ouni Perspektiv, déi zwar gesinn, datt hir Efforten néierens hiféieren, mee déi awer weidermaachen – bis de grousse Stuerm kënnt. D’Elise Schmit huet den Text an e Lëtzebuergesch iwwerdroen, dat där knallhaarder Realitéit onerwaart poetesch Momenter ofgewënnt.