Am Dezember 1980 gouf de Musical HOPP MARJÄNN vun de Compagnons de la Scène am Stater Theater mat groussem Erfolleg uropgefouert. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Theater stoung deemols ënnert der Regie vum Claude Fritz, d’Choreographie war vum Christiane Eiffes an déi musikalesch Leedung hat de Komponist Pierre Nimax Senior. Bis haut gehéiert dës Produktioun mat iwwer 10.000 Zuschauer·innen zu de gréisste Succèse vum Ensembel, deen haut leider net méi besteet.

Den Text ronderëm d’Geschicht vun der jonker Wäschfra, déi aus dem Pafendall an d’Stad kënnt fir puer honnert Frang ze verdéngen, staamt vum Schrëftsteller a Kabarettist Pol Pütz. Den Auteur beschreift déi Stater Leit als distinguéiert an iwwerhieflech, sou wéi d’Pafendaller se gesinn hunn, ganz subjektiv vun ënnen no uewen.

De Musical spillt an den zwanzeger Jore vum 19. Jorhonnert, do wou fréier d’Marjänn an d’Mais als Wäschfrae geschafft hunn, oder de Jéng an den Abbes sech als Schéiereschlëffer oder mat soss krommen Affairen e Su verdéngt hunn. D’Lidd vum décken a vum klenge Mann, d’Moritat vum Mingosflëpp oder nach d’Lidd vun der Moral gehéieren zu den Héichpunkten aus der Fieder vum Duo Pütz an Nimax. Ganz um Schluss vum Stéck muss d’Marjänn sech agestoen: „Du wors eng Laus, du bleifs eng Laus!“

45 Joer no der Uropféierung presentéiert de Mierscher Theater eng hallefzeenesch Opféierung ënner der Regie vum Claude Mangen mat der Lëtzebuerger Militärmusek, dirigéiert vum Lt-Col Jean-Claude Braun. Et sangen Esther Conter, Adrien Papritz, Liss Walisch an anerer.


Am Kader vun der Ausstellung Pierre Nimax Sen. – Zwischen Tasten und Taktstock vum 30.06.25-17.01.26 an der Bibliothèque nationale du Luxembourg

Visite

Venir en train ou en bus

Le Mierscher Theater est à 10 minutes à pied de la gare de Mersch. Les trains et bus desservent Mersch tous les jours, assurant votre aller-retour en toute sérénité.

Pour de plus amples renseignements :

Venir en voiture

De Luxembourg-ville et du Sud

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

De Ettelbruck ou du Nord

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

Vous pouvez vous garer sur le parking « Schlasspesch » qui ce trouve en proximité directe du Mierscher Theater.