- Curateur: Luc Spada
- Design & Assistenz: Laura Deitz
- Wëssenschaftlech Mataarbecht: Sophie Garlinskas
Wat heescht et, jonk ze sinn? Wéi fillt et sech un? Wéi héiert et sech un? Wéi gesäit et aus? Jugendkultur si vill flüchteg Momenter, déi ganz grouss erlieft ginn.
De jonke Mënsch wëll all Moment erliewen, well en se nach net all kennt oder ëmmer nach mengt, eppes Neies an deem Moment ze erkennen. Oder erkennen ze mussen. Dat si Momenter vu Jonksinn, déi zu Jugendkultur ginn. D’Ausstellung Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur sicht no der Identitéit vum Jonksinn. Net nëmmen eng eenzeg Identitéit, mä vill verschiddener. Och net just eng Kultur, mä vill verschidde Kulturen. Grad zu Lëtzebuerg, wou verschidde Sproochen an Nationalitéiten den Toun uginn, souwuel vum Liewensgefill wéi och ënnert de Jugendleche selwer.
D’Ausstellung Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur ass vum 24.02.25 bis 14.07.25 am Mierscher Theater, ëmmer Méindeg bis Freideg vu 14:00 bis 17:00.
EVENTS AM KADER VUN DER AUSSTELLUNG
12.03.25 | 18:30 – 21:00
KARAOKE
Sang däi Liblingslidd ganz haart mat! Wat sinn déi beschten Tunes aus denger Jugend?
All Sproochen si wëllkomm. / All languages are welcome. / Toutes les langues sont
les bienvenues.
28.03.25 | 18:30 – 21:00
OPEN-MIC: SPOKEN WORD & RAP
Wann s de rapps, huet eisen DJ déi néideg Beats fir dech! Mä du kanns och deng Poesie, eng selwerge schriwwe Geschicht oder e Comedybit presentéieren. Special Guests sinn och agelueden, mä gi méi spéit ugekënnegt.
All Sproochen si wëllkomm. / All languages are welcome. / Toutes les langues sont les bienvenues.
25.04.25 | 18:30 – 21:00
OPEN-MIC: SINGER/ SONGWRITER
Mir hunn de Piano, eng Gittar a Mikroe sur place. Du hues e Lidd (däin eegent oder e Cover), wat dech markéiert huet a wat s de spille wëlls? Du bass häerzlech wëllkomm!
Special Guests sinn och agelueden, mä gi méi spéit ugekënnegt. All Sproochen si wëllkomm. / All languages are welcome. / Toutes les langues sont les bienvenues.
19.06.25 | 18:30
TABLE RONDE: LIVING TOGETHER IN DIVERSE SOCIETIES
Zesumme mam Conseil de l’Europe, Service National de la Jeunesse an dem Jugendrot. Op lëtzebuergesch. Traduction française.

