- Gäscht: Larisa Faber, Olivier Garofalo, Felix Adams, Mia Steffen, Hanna Völkening, Leo Gherardi
- Moderatioun: Ian de Toffoli
Schoultheater stäerkt Jugendlecher net eleng fir e spéidert Liewen – ma kann och op all méiglech kënschtleresch Beruffer virbereeden. Net seelen hu Professioneller aus dem Theater hir éischt Schrëtt op enger Bün engem·er engagéierten·er Lycéesproff ze verdanken.
Den Ian de Toffoli ënnerhält sech mat dräi vun hinnen: der Actrice, Regisseurin an Autorin Larisa Faber, dem Schrëftsteller an Dramaturg Olivier Garofalo an dem Acteur a Schauspillcoach Felix Adams. Si verziele vun hire Studien, hirem Parcours an de Schwieregkeeten déi de Beruff als fräischaffenden Artist mat sech bréngt. Entsprécht hiren oft onsécheren Alldag nach de Virstellungen an Illusiounen déi si am Lycée haten, an ass hir Passioun déi selwecht bliwwen? D‘Mia Steffen an d’Hanna Völkening, déi zwou Schrëftstellerinnen a Regisseurinne vun Theaterstéck Durch die Augen von Alice ziele vun hiren Erfarungen am Schoultheater an iwwer d’Ambitiounen eventuell e Beruff am Theater ze sichen. De Leo Gherardi, fréiere Schüler an Acteur am Lënster Lycée, elo am LGL Theatergrupp, hëlt Coursen am Stater Conservatoire a bereet sech op eng spéider Carrière am Theater vir.
Avec le soutien de
