- Gäscht: Laetitia Lang, Sarah Lippert, Seja Katherina Rockel, Schüler·innen aus dem Lycée Ermesinde Miersch an dem Lënster Lycée
- Moderatioun: Claude Mangen
Wat fir pädagogesch a kënschtleresch Uspréch soll Schoultheater hunn? Wéi kann Theater dem/der Schüler·in hëllefen sech besser kennen ze léieren, sech am ongewinnte Spill z’erliewen, nei z‘erfannen a seng Identitéit ze stäerken? Wéi eng Roll spillt den Enseignant heibäi a wéi wichteg ass eng professionell Atmosphär? Ass Theater am pädagogesche Kader manner routinéiert, méi authentesch a fräi vu Konventiounen, well déi Jonk mat frëscher Passioun un d‘Saach eruginn? Wéi wichteg ass och den ëffentlechen Optrëtt? Mat wat fir Erwaardunge kënnt de Public, dacks Elteren a Matschüler·inne an eng Virstellung? Wat fir Erfarunge maachen d’Spiller·inne mat Kritik? Wou leien d’Chancen an d’Grenze vum Theater an der Schoul?
Iwwer dës a aner Froen diskutéiert de Claude Mangen, mat der Theaterpädagogin Laetitia Lang, der Sarah Lippert, Professorin a Leederin vum Theatergrupp am Lënster Lycée, wéi och der Seja Katherina Rockel, Responsabel Professorin vun The Growlight Company an Tutrice beim Theaterstéck Durch die Augen von Alice. Mat derbäi natierlech Schüler·innen aus de jeeweilege Lycéeën.
D’Diskussioun ass am Uschloss un d’Virstellung vun DURCH DIE AUGEN VON ALICE
Avec le soutien de
