WAT HEESCHT ET, JONK ZE SINN? WÉI FILLT ET SECH UN? WÉI HÉIERT ET SECH UN? WÉI GESÄIT ET AUS? JUGENDKULTUR SI VILL FLÜCHTEG MOMENTER, DÉI GANZ GROUSS ERLIEFT GINN.

Wann een haut mat 40, mat 50 oder 70 Joer zeréck op seng eegen Zäit als Jugendleche kuckt, stellt sech séier d’Fro: Wou ass d’Zäit bliwwen? Wéi konnt dat esou séier goen? Wat bleift no der Jugend? Muss iwwerhaapt eppes dovu bleiwen? Ass d’Gefill „Jugendlech ze sinn“ fir all Generatioun d’selwecht?

Natierlech muss och déi eng Fro gestallt ginn. Dir wësst schonn: War fréier wierklech alles besser? Oder ass alles besser ginn, ëmmer erëm, all Generatioun op en Neits? Wann een als jonke Mënsch seng Eltere freet, ass d’Äntwert net ëmmer, mä oft: Jo. Warscheinlech, well ee manner Pflichten hat, fir déi ee ganz aleng d’Verantwortung droe misst? Och dann, wann een de Pflichten net nogaang ass. Heescht: Profitéier haut, elo, wou s du jonk bass, well iergendwann ass d’Fräiheet, de Choix ze hunn, fort.

© Carlo Foeteler

Ass dat da wierklech esou?
War alles besser?
Ass haut alles méi schlecht?

D’Äntwert ass Jein – déi eenzeg richteg Äntwert, wa mir iwwert d’Jugend schwätzen. Et ass alles méi einfach, wann ee jonk ass. An nee, näischt ass méi einfach, wann ee jonk ass. Et kann een alles maachen, wann ee jonk ass. Mä wat wëll een da wierklech maachen? Et muss ee keng Angscht hunn, net genuch Zäit ze hunn, mä et huet ee stänneg Angscht, eppes ze verpassen. An dann ass et fort, fir ëmmer.

Also jo, et war alles besser. Nee, et war näischt besser. A jo: Natier­ lech gëtt alles ëmmer méi schlëmm. An nee, sou schlëmm gëtt et och net. Jonksinn ass ëmmer Jo an Nee. Jugend ass abstrakt. Et ass bëssi vun näischt a ganz vill vun allem. All Generatioun huet
hir Änlechkeeten, mä ëmmer an engem komplett anere Kontext. Dofir heescht et och Jugendkultur. Et gëtt d’Jugend per se an déi fënnt sech ëmmer an enger gewëssener Kultur. Kultur ass dat, wéi mir eis entscheeden, eist Zesummeliewen ze gestalten. Bewosst an onbewosst.

Jugendlecher sichen de Kontakt mat hirem Ëmfeld an zwar proaktiv. Egal wéi eng Generatioun, egal ob mat oder ouni Smartphone, am Éislek oder Minett, 1980 oder 2020.

Et geet ganz oft ëm de Kontakt mat aneren. Also souwuel an der Of­ grenzung wéi am Zesummekommen. Verglach an Ofglach, Grenzen iwwerschreiden a Grenze setzen. Deemno gehéiert och dozou, sech ze entscheeden, mat weem ee kee Kontakt wëll hunn. Et gëtt och keng Rebellioun ouni e Géigeniwwer, ouni ze wëssen, géint wat ee rebelléiere soll. Géint de Krich? Fir de Fridden? Fir sech selwer?

Protest! Rebellioun! Streik!

1995 gouf et de Jumbostreik, fir de gratis Transport vun de Schüler­ innen a Schüler ze erhalen. 1996 gëtt géint d’Reformpolitik vun der Bildungsministesch Hennicot­Schoepges gestreikt. 2003 ass et de Protestmarsch géint de Krich am Irak. 2006 gëtt géint de Gesetzes­ projet 5611 gestreikt a fir e Recht op Chômage fir Jonker, déi nom Schoulofschloss keng Aarbecht fannen. An 2014 gëtt géint de Gesetzes­ projet 6670 gestreikt en vue vun der Reform vun de Studiebäihëllefen. D’Jugendkultur huet de System als Géigeniwwer. D’Angscht viru sozialer Ongerechtegkeet a manner Liewensqualitéit. Mä et ass net ëm Liewen an Doud gaangen. Net zu Lëtzebuerg a gréisstendeels net an Europa.

© Josiane Ney

10 Joer méi spéit, ongeféier. Wéi sou oft, wann een iwwer Jugend, Kultur an d’Zäit schwätzt, ass et ongeféier. Ongeféier an eng Pande­ mie dono ass Krich an Europa. Klimakris. Fridays for Future ruffen zu engem Klimastreik op. 2021 ginn Dausende vu Schüler a Schülerinne fir eng besser Zukunft op d’Strooss.

Däerf een elo nach Party maachen? Däerf een elo nach jonk sinn? Onschëlleg sinn? D’Wënsch, d’Dreem, d’Iddie vun Dausende vu jonke Mënsche bleiwen a maachen eng Zukunft iwwerhaapt méiglech. De Bléck no vir ass Jonksinn. Et wëll een en Deel vun enger Gemein­ schaft sinn. Eng Gemeinschaft, déi no baussen d’Freed um Jonksinn ausstraalt: Kuckt hei! Mir hunn nach dat ganzt Liewe virun eis. Et muss weidergoen. Mir wësse just nach net wéi. A genau zu dësem Moment fält mir e Saz vum Guy Thewes an. Hie war Curateur vun
der Ausstellung Born to be wild, eng Ausstellung iwwer 60 Joer Jugendkultur am Lëtzebuerg City Museum. Dat war 2010. Mir hunn eis am Hierscht 2024 getraff, fir iwwert seng deemoleg Ausstellung ze schwätzen, well d’Thematik eng änlech ass wéi d’Ausstellung Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur am Mierscher Theater. Hie sot, dass Jonksinn ëmmer e bëssi dat selwecht ass. Also net: Fréier war alles besser. Och net: Haut ass alles méi schlëmm. Dat ass interessant. Och well de Saz fir sech steet an een ëmmer de Kontext an d’Zäit matdenke muss, fir dass e Sënn mécht. An dat ass e wichtege Punkt.

© Laura Deitz

De Mierscher Theater huet vill manner Plaz wéi de Lëtzebuerg City Museum. Dat ass engersäits eng Chance, fir eng gewëssen Essenz vun der Jugend erausschaffen ze mussen, mä och eng Erausfuer­ derung, well d’Reduktioun och ëmmer e Choix als Konsequenz huet. Oder méi einfach ausgedréckt: Et muss ee manner weisen, wann ee manner Plaz huet. Et muss een sech also bewosst fir eppes a géint eppes anescht entscheeden. Dat ass Jonksinn.

Weider huet den Här Thewes confirméiert, dass Jugendlecher ei­ gentlech vill manner wéi erwaart a seng Ausstellung iwwer d‘Jugend­ kultur gaange sinn.

E JONKE MËNSCH ASS NI DO, WOU E MËNSCH SEET, DASS EN ZE AL DOFIR ASS AN DASS EN ALLES SCHO GESINN HUET.

Eng Erklärung dofir ka sinn, dass dat keng Jonker waren, déi d’Ausstellung iwwer d‘Jugendkultur gemaach hunn. Villäicht a sou enger Form vu Romantiséierung mat esou engem Wonsch no Geschichtenerzielen. Et waren also virun allem „déi net sou jonk Leit“, déi an eng Ausstellung gaange sinn, fir hiert „Fréier“ ze bewonneren.

Natierlech däerf dat sinn. Natierlech huet dat eng Daseinsberechtegung. Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur wëll awer weisen, wat et heescht, haut jonk ze sinn. Zesumme mat jonke Kënschtlerinnen a Kënschtler, mat Bezuch zu Lëtzebuerg, mat Migrati­ ouns­ a Fluchthannergrond. Zesumme mat der Jugend­ fuerschung vun der Uni Lëtzebuerg. Zesumme mat Les Auberges de Jeunesse Luxembourgeoises. Zesumme mat Temoignagë vu jonke Schüler a Schülerinnen. Zesumme mat de Gedanke vun de Visiteure vun der Ausstellung.

E Jugendlechen aus engem Video, deen an der Ausstel­ lung ze gesinn ass, freet sech, wou all déi komesch Leit ewéi hien higinn. Hie misst also a verschiddene Situa­ tioune feststellen, dass esou „komesch Leit“ ewéi hien net iwwerall hir Plaz hunn. Dass hien déi Plaz eréischt fannen oder selwer schafe misst.

E jonke Mënsch ass ni do, wou e Mënsch seet, dass en ze al dofir ass an dass en alles scho gesinn huet. De Jonke wëll all Moment erliewen, well en se nach net all kennt oder ëmmer nach mengt, eppes Neies an deem Moment ze erkennen. Oder erkennen ze mussen. Dat si Momenter vu Jonksinn, déi zu Jugendkultur ginn. Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur sicht no der Identitéit vum Jonksinn. Net nëmmen eng eenzeg Identitéit, mä vill verschiddener. Och net just eng Kultur, mä vill verschidde Kulturen. Grad zu Lëtzebuerg, wou verschidde Sproochen an Nationalitéiten den Toun uginn, souwuel vum Liewensgefill wéi och ënnert de Jugendleche selwer.

Jonksinn ass ëmmer am Elo. An dann ass et och schonn erëm eriwwer. An dowéinst ass et och egal, wéini ee jonk ass, well et ass ëmmer bëssi dat selwecht an ëmmer bëssi anescht. A genau dee Moment, éier et eriwwer ass, probéiert dës Ausstellung anzefänken. De Moment, wou een dono seet: Wéi gutt, dass et eriwwer ass.

A gläichzäiteg: Schued, ass et schonn eriwwer?

Wat heescht et, jonk ze sinn? Wéi fillt et sech un? Wéi héiert et sech un? Wéi gesäit et aus? De jonke Mënsch wëll all Moment erliewen, well en se nach net all kennt oder ëmmer nach mengt, eppes Neies an deem Moment ze erkennen. Oder erkennen ze mussen. All déi Momenter, grouss oder kleng, gehéieren zur Jugendkultur. Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur sicht no der Identitéit vum „Jonksinn“ an ass vum 24.02.25 bis 14.07.25 am Mierscher Theater ze gesinn.

À voir également