Geet et iech an der Lescht net och e bëssen ze schëtzeg? Ee Moment net opgepasst, a schonns blénkt déi rout Luucht um Radar. D’Frigosdier e bëssen ze laang opgelooss, d’Wäsch net direkt ausgeraumt, de Printer brauch neien Toner, a schonns piipst a blénkt et wéi verréckt an dir kommt es kaum erno.

Nëmme wie fréi un ass, dee kritt déi gutt Präisser, wien sech féx bäimécht, profitéiert vun den Avantagen. Wie bei der Digitalisatioun de Fouss net um Gas léist, gëtt äiskal iwwerholl a bleift aleng am Ree stoen. Méi séier, méi héich, méi wäit! “Dee Leschten ass dee Beschten” war definitiv fréier. Déi Karacho- Mentalitéit hunn eis populistesch Cowboys a Cowgirls och an der Politik salonsfäeg gemaach. Wien an der Roll vum Sheriff ze glänze weess, méi séier schéisst wéi säin eegene Schiet, deem ass den Applaus vum Publikum an ee Sëtz um Krautmaart sécher. Wie bremst, oder schlëmmer nach, wien denkt, deen huet verluer.

Gonnt iech eng wuelverdéngten Auszäit a loosst iech vun den zertifizéierten Entschleuneger vum Kabaret Sténkdéier zeréck op de Buedem vun den Tatsaache beamen.

Visite

Venir en train ou en bus

Le Mierscher Theater est à 10 minutes à pied de la gare de Mersch. Les trains et bus desservent Mersch tous les jours, assurant votre aller-retour en toute sérénité.

Pour de plus amples renseignements :

Venir en voiture

De Luxembourg-ville et du Sud

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

De Ettelbruck ou du Nord

Prenez l’autoroute A7, Sortie 4 Mersch.

Vous pouvez vous garer sur le parking « Schlasspesch » qui ce trouve en proximité directe du Mierscher Theater.